Sonndesinterview mam Jean Pütz"D'Liewe mécht mir nach vill Spaass", sou de bal 90 Joer ale Wëssenschaftsjournalist

Christophe Hochard
Rezent war de Jean Pütz op Besuch bei RTL. De Lëtzebuerger Wëssenschaftler gëtt geschwënn 90 Joer al.

E Méindeg den 21. September feiert de Jean Pütz Gebuertsdag. Säin 90. Gebuertsdag. "Ech sinn zu där Zäit grouss ginn, wéi de Charly Gaul den Tour de France gewonnen huet", erzielt de Wëssenschaftsjournalist an Tëlee-Presentateur a laacht dobäi iwwer d'ganzt Gesiicht. Dat war 1958. Deemools hat de Jean Pütz 22 Joer. Mat sengen Elteren huet hien zu Réimech gewunnt.
 

De Lëtzebuerger Wessenschaftler am RTL Gespréich
De Jean Pütz ass e Fan vum Charly Gaul

"Lëtzebuerg ass meng Heemecht"

Zu Lëtzebuerg goung de Jean Pütz an d'Schoul. Fir d'éischt zu Réimech op der Oberprimär duerno an der Stad, wou hien an der "Ecole des arts et métiers", der Handwierkerschoul, geléiert huet. Als Elektriker huet de Jean Pütz du wärend engem Joer op der ARBED zu Esch geschafft.

De Jean Pütz am RTL Interview
Zu Lëtzebuerg huet de Jean Pütz op ARBED Esch Belval geschafft.

"Ech hunn de Krich nach erlieft. Dat war eng schrecklech Zäit. Ech hu ganz schlëmm Saachen am Krich erlieft. Mat 10 Joer sinn ech mat menger Famill ze Fouss an d'Oktav gepilgert. Ech hunn zur Muttergottes gebiet. 'Du heeschs Trösterin der Betrübten. Kuck dach emol op mech aarme Kärel. Kuck dach emol, wat eng aarme Sau ech sinn. Kanns du net eppes fir mech maachen?'"

"Ech wollt Ingenieur ginn" 

Hei zu Lëtzebuerg gouf et deemools nëmmen en Technikum. "Well ech awer Ingenieur wollt ginn, hunn ech mech zu Köln an der 'Nikolaus - August - Otto - Ingenierschule' ageschriwwen", erkläert de Jean Pütz. 1959 huet hien dunn den Diplom kritt. "240 Leit hate sech deemools gemellt. 16 goufen ugeholl. Ënner anerem ech. Dat war dat gréisste Gléck vu mengem Liewen." Duerno huet de Jean Pütz wärend engem Joer als Ingenieur geschafft. "Meng Fra mengt, ech hätt en Helfersyndrom. Dat ka sinn. Fir mech ass et enorm wichteg, dass d'Mënscherechter agehale ginn."

Bekannt gouf de Jean Pütz duerch seng Fernseesendung "Hobbythek". Vun 1974 bis 2004 ass dës Emissioun vum WDR produzéiert an op der ARD diffuséiert ginn. 345 Sendunge goufen et am ganzen. "D'Hobbythek war net mäin Haaptaufgabeberäich. De WDR hat mech geruff, fir d'Redaktioun 'Naturwissenschaften - Technik' opzebauen. Ech wollt de Leit eng Emissioun bidden, wou si gesinn, fir wat si déi ganz Wëssenschaften an hirem Alldag gebrauche kënnen", sou de Jean Pütz am RTL-Interview. "Ech hunn zum Beispill d'Emissioun 'Intelligenz in Miniatur' gemaach, wou ech gewisen hunn, datt een op d'Chips ganz vill Transistoren drop brénge kann. 'Intelligenz in Miniatur', dat heescht haut K.I., Kënschtlech Intelligenz."

Wärend 30 Joer ass d'"Hobbythek" mam Jean Pütz op der ARD komm. "Nodeems ech d'Pensioun hat, huet de WDR mech nach weider dräi Joer beschäftegt. Duerno koum den ZDF, fir déi ech nach wärend zwee Joer geschafft hunn."

Sonndesinterview mam Lëtzebuerger Wessenschaftler.
D'Hobbythek vum Jean Pütz

Dacks kënnt de Jean Pütz nach op Lëtzebuerg. Seng Eltere sinn zu Réimech um Kierfecht begruewen. "Mäi Papp war zwar nëmmen Aarbechter. Mir haten zu Réimech e Buttek mat Tapéiten, Faarwen a Linoleum. Dat hu mir als Kanner nach verleeën a schneide mussen. Mäi Papp huet et awer du gepackt, fir an der Welleschter Kellerei Chef vun der Fläschespullmaschinn ze ginn. Mat der Bomi a mat mengem Grousspapp war ech och ganz frou."

"Ech ginn nach net op"  

Dëst erzielt de Jean Pütz ganz houfreg am RTL-Interview. "De Kapp funktionéiert nach, a sou laang maachen ech weider. Hoffentlech bleiwen ech gesond." Houfreg ass de Lëtzebuerger Wëssenschaftler iwwer déi verschidden Auszeechnungen, déi hie kritt huet.

E Méindeg kritt de Jean Pütz also 90 Joer. Gefeiert gëtt Samschdes de 26. September, zesumme mat senger Famill a Frënn zu Köln.

RTL Interview mam Jean Pütz
De Jean Pütz ass houfreg iwwer seng Auszeechnungen.

De Jean Pütz war dës Woch Invité um Radio an der Emissioun "5 vir 12": Lauschtert d'Episod mat him hei nach emol no:

Back to Top
CIM LOGO