
An der Bundesliga war et um Samschdeg d'Suite vum 4. Spilldag. Hei konnte sech ënnert anerem Hamburg mat 2:1 géint Köln an Mainz auswäerts mat 4:3 géint Gladbach duerchsetzen. E Freideg den Owend huet Bayern München fir den Optakt vum Oktoberfest Union Berlin mat 7:0 iwwerrannt.
An deenen aneren internationale Championnater gouf et an England eng béis Defaite fir Arsenal London, déi auswäerts mat 0:3 géint Brighton verluer hunn.
Am Traditiounsduell tëscht dem HSV an dem 1. FC Köln waren et d'Gäscht déi an der 1. Hallschent Kontroll iwwert d'Spill haten. 70 % Ballbesëtz an eng sëlleg Chancë stinn um Enn vun der 1. Hallschent um Bou, e Gol sollt de Kölner awer net geléngen, dat well virun allem d'Effizienz gefeelt huet. Aus dem Näischt ass dem HSV an der 44. Minutt per Kappball vum Capaldo mat enger 1:0 Féierung an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel huet et keng 5 Minutte gedauert, éier den agewiesselte Poulsen de Score fir den HSV op 2:0 erop geschrauft huet. Köln war och an der zweeter Hallschent beméit, ass ugerannt, sollt dat néideg Spillgléck awer net op hirer Säit hunn. Den Uschlossgol vum agewiesselten Ache an der 90. Minutt koum aus Kölner Siicht ze späit. Fir den HSV sinn et déi éischt 3 Punkten an dëser Saison iwwerdeems Köln aktuell bei 4 Punkten leit.
An enger animéierter Partie deele sech Frankfurt a Freiburg d'Punkten. No 90 intensive Minutten steet et um Enn 2:2. Virun allem d'Freiburger wäerten enttäuscht sinn, dat well si an der 1. Hallschent déi spillbestëmmend Ekipp waren. D'Lokalekipp huet hier wéineg Chancen dogéint äiskal notze konnten, a louchen an der Paus duerch Goler vum Ebnoutalib a Burkardt mat 2:1 a Féierung. Nom Ausgläich vum Freiburger Suzuki huet sech e rasanten Match entwéckelt, mat Chancen op béide Säiten. Um Enn e leeschtungsgerechtem Remis tëscht béide Formatiounen. Freiburg verpasst domat de Sprong op déi 1. Plaz an der Tabell.
Mönchengladbach bleift och no der Entloosung vum Trainer Eugen Polanski ouni Punkten a verléiert mat 3:4 géint Mainz.
Bremen huet een 0:2 Réckstand no enger rasanter zweeter Hallschent nach an een 3:2 géint Augsburg gedréint. Nom Füllkrug sengem Ausgläich an der 86. Minutt huet de Weiser an der Nospillzäit de Stadion un der Weser zum biewen bruecht.
E Samschdeg den Owend sti sech an der Spëtzepartie um 18:30 Stuttgart a Dortmund géigeniwwer.
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.