Fréieren FLF-JugendspillerDen Dany Freire ënnerschreift beim FC Barcelona

Sam Rickal
Deen elo 16 Joer jonke Mëttelfeldspiller huet hei am Land fir de Stater Racing an d’Fola Esch gespillt.
© Val Wagner (Archiv)

De fréiere Lëtzebuerger Jugendnationalspiller Dany Freire steet kuerz virun engem Wiessel bei den FC Barcelona.

Nieft dem Racing an der Fola huet de 16 Joer jonke Freire och sëllegen Jugendnationalekippen vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun vertrueden. Zanter Mee 2025 spillt hien awer fir déi portugisesch U15.

Nach ass de Wiessel net offiziell. E konnt bis ewell nach net iwwer d'Bün goen, well de Freire nach keng 16 Joer hat. Haut op sengem 16. Gebuertsdag ass dëst elo méiglech, nodeems hien déi lescht Wochen an de Jugendekippe vu Barça iwwerzeege konnt.

Back to Top
CIM LOGO