Den Iwwerbléck vum internationale FuttballBrighton gewënnt géint Arsenal, 2:2 tëscht Roum an Inter

RTL Lëtzebuerg
Donieft verléiert Tottenham Hotspur 2:3 géint Aston Villa.
Brighton's Swedish midfielder #26 Yasin Ayari controls the ball during the English Premier League football match between Brighton and Hove Albion and Arsenal at the American Express Community Stadium in Brighton, southern England on September 19, 2026. (Photo by Glyn KIRK / AFP) / RESTRICTED TO EDITORIAL USE. NO USE WITH UNAUTHORIZED AUDIO, VIDEO, DATA, FIXTURE LISTS, CLUB/LEAGUE LOGOS OR 'LIVE' SERVICES. ONLINE IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO VIDEO EMULATION. SOCIAL MEDIA IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO USE IN BETTING PUBLICATIONS, GAMES OR SINGLE CLUB/LEAGUE/PLAYER PUBLICATIONS.
Um 5. Spilldag sollt et déi 1. Néierlag fir Arsenal London ginn.
© AFP

An der Bundesliga war et iwwerdeems d'Suite vum 4. Spilldag. Hei goufen et Victoirë fir den HSV, Bremen a Mainz. Den Iwwerbléck fannt dir hei.

Premier League

Tottenham Hotspurs - Aston Villa 2:3
0:1 Manzambi (45+4'), 0:2 Jackso (67'), 0:3 Buendia (79'), 1:3 Gallagher (86'), 2:3 van Hecke (90+8')

Tottenham bleift och no 5 Spilldeeg weider ouni Victoire. D'Spurs, déi eng gutt éischt Hallschent gespillt hunn awer d'Effizienz virum Gol vermesse gelooss hunn, verléieren virun eegenem Public mat 2:3 a stinn mat 2 Punkten weider déif am Tabellekeller vun der Premier League. Aston Villa huet iwwerdeems hiren éischten Match an dëser Saison konnte wannen. Bis zu 86. Minutt huet et no enger däitlecher Victoire fir d'Gäscht ausgesinn, louch een no de Goler vum Manzambi, Jackson a Buendia mat 3:0 a Féierung. An der Schlussphase hu Gallagher an van Hecke et wuel nach eng Kéier spannend gemaach, fir 1 Punkt sollt et awer aus der Siicht vun Tottenham net méi duergoen.

Brighton - FC Arsenal 3:0
1:0 Gross (31'), 2:0 Kostoulas (45'), 3:0 Andres (57')

Brighton setzt sech méi wéi verdéngt mat 3:0 géint Arsenal duerch a steet an der Tabell elo nëmmen nach 2 Punkten hannert de Gunners op der 3. Plaz. Arsenal ass mat 0:3 wuel nach gutt bedéngt, huet de Raya am Gol vun Arsenal méi wéi emol weider Géigegoler mat staarke Parade verhënnert. D'Ekipp vum Trainer Mikel Arteta huet e midden Androck gemaach a war um Samschdeg definitiv net op der Héischt fir dëse Match ze wannen.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

AS Roum - Inter Mailand 2:2
1:0 Koné (6'), 2:0 Koné (37'), 2:1 Martinez (46'), 2:2 Martinez (79')

Béid Ekippe ware bis ewell nach ouni Punktverloscht, ma dat sollt sech e Samschden änneren. D'Réimer haten en excellente Start an de Match erwëscht a louche scho fréi duerch de Koné a Féierung. No engem weidere Gol vum Fransous ass et mat 2:0 an d'Paus gaangen an Inter stoung, wéi scho virun zwou Woche géint Neapel, virun der éischter Liga-Defaite zanter Mäerz. Ma de Champion war nom Säitewiessel déi besser Ekipp a konnt sech op en Neits op säi Kapitän Martinez verloossen, deen den Nerazzurri mat zwee Goler nach ee Punkt gerett huet. No 5 Spilldeeg stinn déi zwee Veräiner domat weiderhi punktgläich un der Tabellespëtzt.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

Ligue 1

FC Paris - Racing Stroossbuerg 2:1
1:0 Kebbal (18'), 2:0 Pagis (57'), 2:1 Mbow (88', Selbstgol)

Olympique Lyon - Stade Rennes 20:45

An der zweeter franséischer Liga spillt um 20:00 den FC Metz mam Luc Holz als Trainer géint St Etienne.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1

La Liga

FC Sevilla - FC Barcelona 21:00

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO