Och um SamschdegowendUser mellen op en Neits Dronen um Himmel, bis ewell keng Confirmatioun vun offizieller Säit

Claudia Kollwelter
Nodeems e Freideg Drone fir gréisser Perturbatiounen am Fluchtrafic gesuergt haten, krut RTL och e Samschdegowend vu ville Leit gemellt, datt nees Dronen uechter d'Land ze gesi waren.
Dron iwwer Angelduerf?
Um Samschdeg den Owend konnt een nees en Objet um Himmel gesinn, wéi hei zu Angelduerf, deen op eng Dron hindeit. Eng offiziell Confirmatioun gëtt et bis ewell awer nach net.

Vun offizieller Säit ass awer nach näischt kommunizéiert ginn. Et gëtt also keng Confirmatioun, datt et tatsächlech Drone waren. Um Findel ass iwwerdeems e Samschdeg den Owend alles normal verlaf.
Gemellt goufen Dronen ënner anerem nees am Raum Helperknapp, Dikrech, Miersch an Angelduerf.

Sécherheetsleit vu lux-Airport sinn e Samschdegowend verstäerkt Patrulle ronderëm de Beräich vum Fluchhafe gefuer. Um Findel schéngt awer alles normal verlaf ze sinn.
Sécherheetsleit vu lux-Airport sinn e Samschdegowend verstäerkt Patrulle ronderëm de Beräich vum Fluchhafe gefuer. Um Findel schéngt awer alles normal verlaf ze sinn.
© Domingos Oliveira

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO