
Am Virmëtteg, géint 11:15 Auer gouf eng Kläpperei tëscht méi Leit zu Dikrech gemellt, bei där ee vun dee Involvéierten een anere mat engem Messer verwonnt huet. Dem presuméierten Täter konnt dëst awer ofgeholl ginn, hien hätt sech der Police no roueg verhalen, wéi Beamten op d'Plaz koumen. Op Uerder vum Parquet gouf e festgeholl a koum e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Manner roueg hu sech zwee Männer owes an der Urgence vum Escher Spidol verhalen: En alkoholiséierte Mann hätt sech hei géint 22:30 Auer aggressiv verhalen a wollt sech och net berouege loossen, wéi d'Police op der Plaz war. Well en eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum en an de Passagearrest.
En zweete Mann, dee sech an de Virfall amësche wollt, d'Virgoe vun der Police kritiséiert a sech och net berouegt huet, koum no enger medezinescher Ënnersichung dunn och an den temporären Arrest.