
Zanter méi wéi engem Joer ass d'Diane Adehm mëttlerweil Buergermeeschtesch vun Hesper. Si huet d'Nofolleg vum Marc Lies ugetrueden, dee virdru 16 Joer laang un der Spëtzt vun der Gemeng stoung. Am Fong géing déi aktuell Gemengemamm gären no vir kucken, mee si gëtt awer ëmmer nees mat Dossiere vun hirem Virgänger konfrontéiert. An deem rezentste geet et ëm Bauprojeten, déi net richteg ausgeschriwwe goufen.
An do schwätze mer net vun engem oder zwee Projeten, mee wann een dem LSAP-Conseiller Mathis Godefroid gleewen dierf, vun net manner wéi 7. Dozou géingen ënnert anerem de Centre civique zu Hesper, déi nei Sportshal um Holleschbierg an de Lotissement Rotweith zu Alzeng gehéieren. Am Ganze wieren dobäi Aarbechten am Wäert vun 130 Milliounen Euro u Betriber vergi ginn, ouni datt dës virdrun ausgeschriwwe goufen. Domadder géing d'Gemeng nees eng Kéier ee ganz schlecht Bild ofginn.
"Déi doten Dokumenter si jo och ëffentlech fir d'Leit asiichtbar. Dat bréngt ee Vertrauensbroch mat sech, och fir d'Bierger, dat si jo hier Steiergelder, déi mer ausginn, wou mer eppes Falsches gemaach hunn an dat ass rëm eppes, wou mir eis als Hesper e bëssi schumme mussen, well mer eis net un d'Gesetz gehalen hunn."
Dat misst awer och eng Gemeng maachen, schonn eleng fir ee gutt Beispill fir d'Bierger ofzeginn. Am Fall vun de Marchés publics wier dat och net besonnesch schwéier. A falls een awer der Meenung wier, datt d'Gesetz net gutt ass, da misst ee sech eben op nationalem Plang dofir asetzen, datt et geännert gëtt. Och de grénge Conseiller Stephen De Ron kann net novollzéien, datt d'CSV-DP-Majoritéit iwwert ee längeren Zäitraum esou virgaangen ass. Wärend de viregte Buergermeeschter Marc Lies sech guer kenger Schold bewosst gewiescht wier, hätt sech dat an der Tëscht awer op d'mannst geännert:
"Am Gemengerot vum leschte Joer, wou mer dee Contrôle financier kontrolléiert hunn, mee dat war d'lescht Joer, do krut ech eng Äntwert, déi kéint ee sou resuméieren, jo, déi nerven, dat ass e bëssi ze komplizéiert a wa mer allkéiers d'Marchés publics missten anhalen, da géinge mer net richteg virukommen. Deemools huet déi gréng Fraktioun bemängelt, d'Gesetzer sinn do, fir se ze respektéieren, dëst Joer huet d'Madamm Adehm gesot, dat war net gutt, wéi et gemaach ginn ass a si wëll dat an Zukunft lo à la lettre respektéieren."
Dat confirméiert déi Hesper Buergermeeschtesch dann och am RTL-Interview: "D'Bewosstsi war schonn do, datt ee sech net sou géing un d'Gesetz halen, wéi een dat maache misst. Mee wann der Projete wëllt virundreiwen, da probéiert der se virun ze kréien. A mir hunn da vläicht e bëssi ze séier geschoss, vir virun ze komme mat de Projeten. Dat eenzegt, wat ech Iech soe kann, dat ass, datt eis Beamten duerch Formatioune gaange sinn, datt mir och mat anere Gemenge geschwat hunn, wéi déi dat maachen." Dat géing awer net heeschen, datt an Zukunft net nach änlech Fäll publik kéinte ginn, well den Inneministère hätt elo just d'Projeten aus de Joren 2023 an 2024 kontrolléiert.
Ier dat aktuellt Gesetz 2018 a Kraaft getrueden ass, hätt et einfach ee Barème vum Ordre des ingénieurs et architectes ginn, an deem ganz genee festgehale war, datt d'Architekten an Ingenieuren ee gewësse Prozentsaz vun de Baukäschten zegutt haten. Dowéinst wier et och net schlëmm gewiescht, wann net ausgeschriwwe gouf, well souwisou jiddereen déi selwecht Prozenter krut an dowéinst kee méi eng bëlleg Offer maache konnt. Lo misst ee fir d'éischt mol ee ganze Programm a Cahier de charge opstelle loossen, ier eng Ausschreiwung fir een Architekt gemaach ka ginn an doduerch géing am Virfeld einfach vill Zäit verluer goen.
D'Diane Adehm gëtt zwar Feeler zou, ënnersträicht awer och, datt Hesper oder och Péiteng, wou et beim Bau vun engem Parkhaus zu Rodange keng Ausschreiwung gouf, keng Eenzelfäll wieren. Si wier iwwerzeegt, datt méi wéi d'Hallschent vun den 100 Gemengen an de leschte Jore géint d'Marchés-publics-Gesetz verstouss hätten. Dat sollt awer natierlech keng Entschëllegung fir déi eenzel Gemenge sinn