Blanche Weber iwwert d’Klimaentwécklungen"Ma och Angscht, wat op eis zoukënnt"

Emmanuelle Schmit
De Pafendall stoung dëse Sonndeg ganz am Zeeche vum Oekofest.
Oekofest: Blanche Weber fuerdert méi konsequent Decisioune géint d'Klimakris.
© Sam Bouchon

De Mouvement écologique an den Oekozenter haten d’Visiteuren op en Dag mat Musek, Workshoppen, Informatiounen an Austausch invitéiert a Präsenz vum Premier Luc Frieden a weidere Vertrieder aus der Politik.

Bei der Ouverture vum Oekofest huet d’Presidentin vum Mouvement Ecologique, Blanche Weber, eng däitlech kritesch Ried zur aktueller Klimapolitik gehalen. Si huet betount, datt d’Klimakris net méi mat klengen Upassunge geléist ka ginn, mee datt et méi konsequent politesch Decisioune brauch.

PDF Ried Oekofest

Et gëtt kritiséiert, datt d’Regierung bei verschiddenen Beräicher ze lues virgeet an deelweis un ale Modeller festhält. Si huet ënner anerem d’Verkéierspolitik, d’Landwirtschaft an de geplangte Google-Datazenter zu Biissen ugeschwat.

Och dem Ëmweltminister Serge Wilmes seng Argumentatioun iwwer d’CO2-Entwécklung gouf a Fro gestallt. Sou sot d’Blanche Weber "Just déi eege Politik ze rechtfäerdegen an ze luewen, ass dem Usproch vun engem Ëmweltministère net würdeg."

Ee Punkt, deen och argumentéiert gouf, war deen heiten :

"Ech kommen net der laanscht : Pestiziden an der Landwirtschaft. Analyse weisen, datt konventionell zu Lëtzebuerg produzéiert Äppel mat bis zu 8 Pestizide belaascht sinn. Ma fir déi Cocktailen u Pestizide gëtt et keng Grenzwäerter. A well et duerfir keng Grenzwäerter gëtt, ma just fir eenzel Pestiziden, ass gemäss eiser Landwirtschaftsministerin alles ok, esou laang ebe beim eenzele Pestizid de Grenzwäert ënnerschratt ass. Wéi sot e Kolleeg : Da kéint e Vollert an enger Alkoholskontroll soen: Ech sinn net voll, wann een de Béier, de Wäin an d’Drëpp eenzel kuckt. Wat eng absurd Situatioun. A Frankräich si Krankheeten, déi duerch de Pestizidasaz ausgeléist ginn, souguer bei de Kanner vun de Betraffenen, déi z.B. wärend der Schwangerschaft enger Belaaschtung ausgesat waren, als Beruffskrankheet vu Krankekeesen unerkannt. De 14. Oktober sinn op eis Aluedung 3 betraffe Persounen , déi noweislech duerch Pestizide Kriibs oder Parkinson hunn, an den Direkter vun de Krankekeese bei eis am Land ob Besuch fir eng ëffentlech Veranstaltung .Mir hoffen, datt hir Temoignagen an hir Ureegungen, wéi een et sollt besser maachen hëllefen, datt och bei eis den Thema méi eescht geholl gëtt. Bei der Politik awer och an de betraffene Secteuren. Leider hat kee vun de Ministeren Zäit, op eng Veranstaltung mat hinnen ze kommen. Ma de Betraffenen hir couragéiert Stëmm wäert, do si mer als Mouvement Ecologique iwwerzeegt, awer eppes beweegen, vläicht och bei der Gesondheetsministesch."

Virop ënnersträicht si d’Situatioun am Nepal :

"D’Kolleegen aus dem Nepal aus eisem internationale Bündnis hunn dann och nach gesot, datt si virun 8 Joer, jo genau, virun 8 Joer , international Hëllef versprach kruten, fir d’Katastrophen ze verhënneren, wéi se elo dëse Summer agetrueden ass. Ma et gouf gewaart. Et goufe wuel erëm méi "dringend" Dossieren, kuerzfristeg vermeintlecht méi wichteg Krise bei eis. Mir hu gewaart. Gewaart wéi iwwregens och wéini déi Jonk vu Kliko a vun der Jugendorganisatioun move. vum Mouvement an enger Aktioun virun der Chamber op exzellent Aart a Weis gewisen hunn. An engem super flotten Theaterstéck huet eng Moderatrice op Politiker*innen gewaart, déi soe sollten, wat si wierklech géint d’Klimakatastroph maache wëllen. A si hu gewaart gewaart a gewaart. D’Schlusswuert vun der Moderatrice : Da musse mir wuel nach e bëssi waarden."

Aus all dëse Beispiller zitt d’Blanche Weber ee Fazit :

"Amplaz d’Welt an d’Lëtzebuerger Demarche schéinzerieden, wéi eis Ministeren e.a. am Beräich Ëmwelt a Landwirtschaft et maachen, gëllt et Fakten op den Dësch an de Fanger op d’Wonn ze leeën, Hürden an Handlungsdefiziter a Saachen Nohaltegkeet ze benennen an ze soen, wéi se kéinten iwwerwonne ginn. An domat géing d’Politik Gréisst weisen a weisen, datt se hirer Aufgab politesch gewuess ass an eng  laangfristeg Perspektiv am Sënn huet."

Gläichzäiteg huet d’Blanche Weber betount, datt si net alles, wat d’Regierung mécht, schlecht gesäit. Si erkennt och verschidde Mesuren un, kritiséiert awer, datt politesch Verspriechen aus hirer Siicht net konsequent genuch ëmgesat ginn. Hire Message : Et misst een elo handelen an net nach méi laang waarden.

De Premier Luc Frieden gesäit d’Kritik awer net esou schlecht :

Kritik am konstruktive Sënn gehéiert zur Demokratie. An dofir si Stëmme wéi är extrem wichteg a mir appreciéieren dofir, datt dir eis ëmmer rëm rappeléiert, wouerem et am Fong geet, fir datt mer d’Klima, Biodiversitéit, de Planéit, op deem mer liewen, och gemeinsam gestalten an net alles kuerzfristeg futtimaachen.

Um Enn bleift e klore Message : Fir d’Blanche Weber geet et net méi drëms, ob gehandelt gëtt, mee wéi séier a wéi konsequent.

Back to Top
CIM LOGO