PoliceGréisser Kontrollen am Zesummenhang mat Tuning-Gefierer

Sandy Schmit
E Samschdeg huet d'Police eng geziilt Verkéierskontroll am Zesummenhang mat getunten Autoen duerchgefouert.
Net ëmmer sinn all d'technesch Verännerunge konform.
© SILAS STEIN/dpa Picture-Alliance via AFP

Am Laf vum Samschdegowend krut d'Police gemellt, dass eng gréisser Grupp Gefierer aus der Belsch a Richtung Lëtzebuerg ënnerwee wier. Bei der Kontroll tëscht der Areler A6 an der Tréierer A1 a Richtung Waasserbëlleg waren deen Ament och e puer Patrullen am Asaz, fir d'Gefierer wéinst hiren technesche Verännerungen oder och wéinst Feelverhalen ze kontrolléieren.

Ee Chauffer wollt sech der Kontroll entzéien an ass geflücht. Wärend der Flucht huet hien och säin Auto getéitscht, koum awer dervun. Wéi d'Police preziséiert, lafen Ermëttlungen, och well géint dëse Chauffer schonn e Fuerverbuet besteet.

Am Ganze goufe wärend der Policekontroll 10 Verstéiss wéinst ze héijer Vitess festgestallt. Dobäi koumen nach 33 Verstéiss wéinst net erlaabte Verännerunge souwéi 7 Verstéiss am Zesummenhang mat geféierlechem Fuerverhalen. An engem Fall war de Chauffer därmoosse séier ënnerwee, dass hien de Permis huet missen ofginn, nach een aneren ass ouni Fürerschäi gefuer. Am Ganze goufen 3 Gefierer séchergestallt, ee weidert gouf saiséiert.

E Sonndeg de Mëtteg dann huet d'Police eng weider Kontroll duerchgefouert am Zesummenhang mat enger gréisserer Grupp vun Tuning-Gefierer. Déi Kéier zu Iechternach.

Do haten déi däitsch Beamten d'Ween gemellt kritt, déi aus Däitschland um Wee op Lëtzebuerg wieren. Kuerz drop huet et och scho geheescht, dass e puer Gefierer mat ze héijer Vitess duerch Iechternach géife fueren. Op der Héicht vum Séi konnt de Grupp um Enn ugetraff ginn an et goufen alles an allem 22 Automobilisten an hir Ween kontrolléiert.

De Gros vun de Leit huet sech roueg a kooperativ verhalen an deenen hir Gefierer waren och deels an engem korrekten Zoustand. Et gouf deemno och just eng Verwarnung.

Méi spéit gouf dunn awer nach ee weidere Grupp vu getunten Autoe gemellt. Op der N11 wieren der a Richtung Scheedgen ënnerwee. An der Mierscherstrooss konnten d'Ween um Enn gestoppt a kontrolléiert ginn. 12 Stéck waren et der am Ganzen. Hei lafen nach Ermëttlungen, wéi et vun der Police heescht.

Liest heizou och:

Back to Top
CIM LOGO