
Ee Spriecher vum Cindy Crawford hätt den Doud vun hirem Jong confirméiert, wéi d'US-Chaîne mellt. "D'Famill freet fir Privatsphär an dëser ganz schwéierer Zäit", huet et weider geheescht.
De Geriichtsmedezinner fir Los Angeles County sot, de 27 Joer ale Presley Gerber wier e Sonndeg an enger Entzuchsklinik gestuerwen, ma eng Doudesursaach gouf net genannt. De Presley Gerber gouf 1999 als éischt Kand vun der Cindy Crawford an hirem Mann Rande Gerber gebuer. Zwee Joer méi spéit koum du seng méi jonk Schwëster Kaia Gerber no.

Wéi seng Mamm a seng Schwëster huet de Presley Gerber als Model geschafft, dat fir Marke wéi Burberry, Dolce & Gabbana, Tommy Hilfiger, Ralph Lauren a Calvin Klein. Hien huet Reklamme fir Pepsi an Omega gemaach a war an Zeitunge wéi GQ Style ze gesinn.
De Presley Gerber hat an der Vergaangenheet ëffentlech iwwert seng mental Probleemer an och säin Drogemëssbrauch geschwat.