Special OlympicsDe 24 Stonnen Dribbel-Marathon war e grousse Succès

RTL Lëtzebuerg
Fir de gudden Zweck ass leschte Weekend ronderëm d'Auer queesch duerch d'Land gedribbelt ginn.
24 Stonnen Dribbel Marathon vu Special Olympics
Fir de gudden Zweck ass leschte Weekend ronderëm d'Auer queesch duerch d'Land gedribbelt ginn.

E Samschdeg um 16 Auer war zu Clierf den Optakt vum Dribbel-Marathon 2026. Vun do ass et ënnert anerem iwwer Wolz, Kauneref, Eschduerf, Useldeng, Miersch a Steesel déi ganz Nuecht duerch bis an d'Stad gaangen, wou scho praktesch d'Hallschent vun der Streck gepackt war.

Aus dem Pafendall mam Funiculaire erop bei d'Dräi Eechelen huet de Parcours gefouert a vun do mam Tram bis op de Findel. Natierlech ouni opzehale mat Dribbelen.

Besonnesch vill Energie haten d'Meedercher vun der Amicale Steesel, déi de Ball net roue gelooss hunn. Si wossten, dass si eng wichteg Missioun hätten an hu sech eng Freed draus gemaach, aus der däischterer Nuecht an den Dag ze lafen. Gëtt een do net vum Krämpche geplot?

24 Stonnen Dribbel Marathon - d'Meedercher vun der Amicale

D'Motivatioun war bei jidderengem grouss an déi vill Zäit, déi fir d'Organisatioun drop gaangen ass, war séier vergiess, sou déi Responsabel, déi de Marathon matorganiséiert an op d'Been gestallt hunn:

24 Stonnen Dribbel Marathon - d'Organisatioun

Weider goung et an d'Rockhal iwwer Déifferdeng an de Fond de Gras bis op Péiteng, Uespelt a Munneref, wou op engem leschte 500 Meter laange Parcours mat Prominenten, Sportler a Politiker gedribbelt ginn ass, bis déi 24 Stonne voll waren.

Zil vum Dribbel-Marathon ass de ronn 230 Athlete vu Special Olympics méi Visibilitéit ze ginn, sech fir Inklusioun staark ze maachen an nei, benevole Traineren ze fannen.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO