
E Méindeg de Moie géint 5:45 Auer huet et nawell zolidd op der Bretelle vun der A3 op d'A1 gerabbelt. Et waren e puer Autoen an deen Accident verwéckelt an deementspriechend vill Blesséierter gouf et och ze bekloen. Wéi de CGDIS mellt, waren alles an allem 7 Persoune verwonnt ginn. D'Pompjeeë Réiserbann a Beetebuerg waren am Asaz, grad ewéi Ambulanze vu Beetebuerg, der Stad an Esch. Duerch deen Accident war et am Beruffstrafic och zu engem zolitte Stau komm. Phaseweis goufe bis zu 9 Kilometer gemellt.
Eng Stonn méi spéit war et e weideren Accident op der A3, deen Ament op der Grenz zu Diddeleng. Zwee Autoe waren hei net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt.
Géint 7:20 Auer gouf et en Accident tëscht Mënsbech an Nidderaanwen. Och hei waren zwee Gefierer anenee gerannt an zwou Persoune goufe verwonnt. Nieft de lokale Rettungsservicer ass an dësem Fall och de SAMU op d'Plaz geruff ginn.
E weideren Accident gouf da géint 7:40 Auer notéiert, dat op der N3 tëscht Alzeng an dem Schlammestee. Nees waren zwee Autoen dra verwéckelt an eng Persoun huet blesséiert musse behandelt ginn.