Um 21. SeptemberHaut ass Weltalzheimerdag

Joel Detaille
Eng 9.200 Persounen hei am Land haten op Enn zejoert eng Diagnos vun Demenz, ongeféier 3,5% vun de Residenten iwwer 60.
Chiffere vun der Weltgesondheetsorganisatioun beleeën, dass ronn 45% vun den Demenz-Fäll kéinte verhënnert, oder op d'mannst retardéiert ginn.
© AFP (Archiv)

Um 21. September ass Weltalzheimerdag. Eng 9.200 Persounen hei am Land haten op Enn zejoert eng Diagnos vun Demenz, ongeféier 3,5% vun de Residenten iwwer 60. Well mer generell ëmmer méi al ginn, wäert dee Pourcentage an den nächste Joerzéngte weider klammen. Dofir ass d'Preventioun, déi fréi Diagnos, d'Sensibilisatioun an d'Begleede vu Concernéierte ganz wichteg.

Chiffere vun der Weltgesondheetsorganisatioun beleeën nämlech, dass ronn 45% vun den Demenz-Fäll kéinte verhënnert, oder op d'mannst retardéiert ginn, mam richtege Verhalen. Dozou gehéieren ënnert anerem keen Tubak, manner Alkohol, vill Beweegung, Diabetes an héije Bluttdrock an de Grëff kréien.

Sämtlech Informatioune fënnt een online op demenz.lu.

Back to Top
CIM LOGO