Menace mat Messer zu BierchemUnisec voll - zwee Mineure kommen op Schraasseg an de Prisong

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend koum et zu Bierchem zu engem arméierten Tëschefall, wéi de Parquet e Méindeg de Moie matdeelt.
D'Mineure koumen an de Prisong op Schraasseg.
© Domingos Oliveira

Dobäi wier eng Persoun mat Gewalt iwwerfall ginn, dat och mat der Menace vun enger Waff. Éischten Erkenntnisser no wier d'Affer op d'Plaz vun der Dot gelackelt ginn an dunn – bis op der Plaz ukomm – wier se vun dräi Verdächtegen agresséiert ginn. Dobäi wier eeben och ee Messer an den Asaz komm, fir d'Affer ze menacéieren. D'Täter konnte sech mat enger ganzer Rei perséinleche Géigestänn duerch d'Bascht maachen.

Der Police wier et séier gelongen, déi presuméiert Täter opzedreiwen an ze identifizéieren, heescht et vum Parquet. Zwee vun den dräi Verdächtege konnten och festgeholl ginn, no dem drëtte Verdächtege gëtt nach gesicht.

Béid Verdächteger si Mineuren, deelt de Parquet mat. Wou d'Police op d'Plaz komm ass ass, fir déi Verdächteg festzehuelen, konnt ee vun de Mineure kuerzzäiteg flüchten, ier en dunn nees gepëtzt gouf. Am Kader vun den Ermëttlunge konnten och d'Wäertgéigestänn saiséiert ginn, déi dem Affer virdru geklaut goufen.

Déi Verdächteg sinn deemno Mineuren am Alter vu 16 a 17 Joer. Well d'Dot, an där jo och ee Messer an den Asaz koum, besonnesch schwéier wier an d'Affer menacéiert an och aggresséiert gouf, huet de Parquet ugefrot, déi zwee an enger zouener Ariichtung ënnerzebréngen. Well an der Unisec (Unité de sécurité du Centre socio-éducatif de l’Etat), déi u sech fir Mineure geduecht ass, allerdéngs keng Plaz méi war, koumen déi zwee op Schraasseg an de Prisong fir Erwuessener.

De Parquet preziséiert op dëser Plaz, datt ee vun deenen zwee schonn aus enger oppener Ariichtung fortgelaf war, wou hien aus anere Grënn hikoum. D'Enquête leeft iwwerdeems weider, fir och den drëtten Täter nach ze fannen.

Communiqué de presse du Parquet de Luxembourg relatif à un vol avec violences à Berchem (21.09.2026)

Back to Top
CIM LOGO