
Logement a Mobilitéit däerfen net getrennt geplangt ginn, well eng bezuelbar Wunneng no beim Uni-Campus d'Pendelweeër verkierzt, mä eng gutt ëffentlech Mobilitéit den Zougang zu méi wäit ewech geleeëne Wunnengen erméigleche kann. Deen Appell kënnt um Méindeg vun der ACEL. D'Studentevertriedung hat zu béide Sujeten eng Ëmfro ënnert Studenten hei am Land duerchgefouert.
Méi wéi d'Hallschent dovun huet et als schwiereg beschriwwen, eng Studentewunneng vun der Uni ze kréien. Genannt gi Waardezäite vu bis zu 6 Méint, Refusen an eng onkloer oder lues Kommunikatioun.
D'ACEL fuerdert, dass an den nächste 4 Joer gebaut gëtt, fir dem strukturelle Manktem u bezuelbarem Studente-Wunnraum entgéintzewierken.
Wien eng Wunneng vun der Uni kritt, misst och transparent a fair sinn, a wann ee Refus geschwat gëtt, misst dat och kloer begrënnt a kommunizéiert ginn.