RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Michel Reckinger

Patrick Greis
De President vun der UEL stoung mam Bono vun U2 op der Bün, brauch beim drénken net ze schlécken an huet seng Fra bei enger Tequila Challenge gewonnen.
© Patrick Greis

Zanter 2021 ass de Michel Reckinger UEL-President. Am "Café des artistes" verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, dass hien e Liichtathlet ass an déi kuerz Strecken him leien. Et gëtt ee gewuer, wéi sou Tripartitesgespréicher lafen, a wat et z'iesse gëtt.

Hien ass duerch an duerch Fan vu Bayern a leidenschaftlech gär op de schwaarze Pisten ënnerwee, stoung scho mam Bono vun U2 op der Bün an huet den Don, dass hie beim drénken net schlécke muss. Seng Fra huet hie wärend der Studentenzäit bei enger Tequila-Challenge gewonnen an d'Léift hält bis haut. Um Piano war de Marc Schmidt.

Wann der eng Kéier am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO