
D'ILR mécht an hirem aktuelle Rapport kloert, dass een en däitleche Réckgang bei der Bréifpost feststelle konnt. 2025 goufen am Ganze 118,43 Millioune Bréiwer geschéckt. Dat ass e massive Réckgang vun 5,94% am Verglach zu 2024. Beim nationalen Trafic ass et souguer en Baisse vu bal 7%. Trotzdeem ass dëse Réckgang am Lëtzebuerger Verglach manner staark wéi an Däitschland oder Frankräich. D'POST Luxembourg verschafft ronn 95,4% vum gesamte Bréifverkéier.
Den Ëmsaz an dëser Spart ass awer trotzdeem ëm 2,3% op 112,49 Milliounen Euro geklommen. Grond dofir sinn d'Präiserhéijunge vun der POST. De duerchschnëttleche Recette pro Bréif ass zënter 2021 vun 0,72 € op 0,94 € geklommen.
Bei der Entwécklung vun de Päck ass et genee de Contraire ze observéieren. De Volume vun de Päck ass am Joer 2025 ëm 16,60% op am Ganze 22,54 Milliounen Päck geklommen. Den absolutte Groussdeel dovun, nämlech 86,97%, si Päck, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg komm sinn, also ronn 19,61 Milliounen Unitéiten, wat e Plus vun 22,46% bedeit. Den Ëmsaz bei de Päck klëmmt dobäi ëm 12,2% op 105,32 Milliounen Euro. Wärend den Import vu Päck am Schnëtt konstant bei 3,68 € pro Pak läit, ass de Präis fir e Pak am Inland oder an d'Ausland ze schécken am Schnëtt vun 10,64 € op 11,33 € geklommen.
Am Ganze 84,6% vum gesamten Trafic bei de Päck goufen u Sous-traitante weiderginn, virun allem bei de Päck aus dem Ausland, ass dat de Fall.