
D'Doktesch-Associatioun AMMD huet e Méindeg an der Mëttesstonn e Schreiwes un d’Press erausgeschéckt, an deem Aussoe vun der Ministesch Martine Deprez wéi awer och vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo widderluecht ginn.
D'AMMD wéilt Äntwerte liwweren iwwert d'Desinformatiounen, ass ze liesen.
Et wier beispillsweis net wouer, dass d’AMMD mam Text vun neie Konventiounen zwar averstane wier, mee refuséiere géif, ze ënnerschreiwen, sou wéi d'Ministesch dat gesot hätt.
Ouni Accord fir de legislative Kader ze moderniséiere wäert d’AMMD näischt ënnerschreiwen – dat wier zanter der Resiliatioun vun der aler Konventioun kloer.
Et wier och net wouer, wann d'Ministesch behaapte géif, dass déi konventionéiert Medezin am Land géif bäibehale ginn. Well ouni Konventioun och keng konventionéiert Medezin. Weder d'Ministesch, nach d'CNS hätten och nëmmen dee klengsten Effort gemaach, fir sech mat der AMMD reell eens ze ginn.
Et wier och net méiglech, dass d'AMMD als Konventiounspartner kéint ersat ginn, well keng aner Associatioun iwwert den néidegen Effektiv, Erfarung oder Anciennetéit géif verfügen, wat awer am entspriechenden Artikel am Code vun der Securité sociale virgesi wier.
Souwisou hätt d’AMMD och de Réckhalt vun der Majoritéit vun der Dokterschaft am Land.