Parking BouillonFestnam no Déifstall mëttels Gewalt an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Den Täter konnt relativ séier, no enger Sich vun der Police, lokaliséiert a festgeholl ginn.
© RTL

E Sonndeg de Moie gouf der Police en Déifstall mat Gewalt um Parking Bouillon an der Stad gemellt. Éischten Erkentnisser no soll e Mann den Affer mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen an him dono de Brëll matgeholl. Dobäi huet d'Affer Blessuren am Gesiicht dovu gedroen. Am Kader vun enger Sichaktioun konnt de Verdächtegen nach op der Plaz erëmfonnt ginn.

Bei der Kontroll vun der Persoun konnt dunn och effektiv de Brëll, dee virdru geklaut gouf, fonnt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

E Sonndeg de Moien um hallwer 3 goufen der Police dann nach zwee Verdächteger an der Cité op Eechelter zu Stengefort gemellt. Dës hu versicht, Dieren vun Autoen opzemaachen. Op der Plaz selwer hunn d'Beamten dräi Persounen ugetraff, déi keng Openthaltsgeneemegung fir de Grand-Duché haten. Zwou vun den dräi Persoune koumen dunn, op Uerder vum Ausseministère an de Centre de rétention bruecht.

Back to Top
CIM LOGO