Wie kennt dës Persoun?Zeienopruff no gewaltsamen Déifstall op der Stater Gare

RTL Lëtzebuerg
All Informatiounen zu dësem Virfall si fir d'Police.
Gesicht gëtt no dësem Mann.
© Police

D'Police sicht no engem Mann, deen am Zesummenhang mat engem gewaltsamen Déifstall op der Stater Gare steet. E Freidegowend den 18. August géint 10:30 Auer huet déi gesichte Persoun op engem Quai op der Gare engem anere Mann eng Goldkette vum Hals gerappt.

Persounen, déi Hiweiser zu der Identitéit vun der gesichter Persoun kënne ginn, si gebieden, sech bei der Police ënnert dem (+352) 244 21 1000 oder iwwer Mail op police.villehaute@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO