
Um CR356B tëscht Folkendeng an der Reisermillen koum et e Méindeg am Nomëtteg zu engem Accident am Trafic. En Auto hätt sech dem ACL no bei engem Accident op d'Kopp gedréint. D'Strooss ass den Ament gespaart. Eisen Informatiounen no waren op der Plaz och de Samu an de Rettungshelikopter.