Fir d'Stëmmung an der Trupp ze verbesserenGewerkschaft SPAL fuerdert Crèchen, Déngschtwunnengen an eng Reserv-Arméi

Marc Hoscheid
Esou sollt deen eenzelen Zaldot entlaascht ginn an et méi einfach méiglech sinn, fir Beruff a Privatliewen ënnert een Hutt ze kréien.

"Eng Arméi vun de Leit", ënnert deem Slogan hat d'Arméisgewerkschaft SPAL e Méindeg de Moien op hir Pressekonferenz fir d'Rentrée invitéiert. Fir dat Zil ze erreechen, huet d'Gewerkschaft nawell eng zimmlech laang Lëscht u Revendicatioune presentéiert.

Datt de SPAL an d'Arméisspëtzt ronderëm de Generol Steve Thull zanter Längerem net op enger Wellelängt leien, ass gewosst, dobäi kéim, datt lo och nach d'Relatioun mat der zoustänneger Ministesch, der Yuriko Backes, net déi bescht wier. Et hätt ee just eng Reunioun d'Joer, wat net duergoe géing. Déi suboptimal Kommunikatioun wier dann och ee Grond dofir, datt d'Stëmmung an der Arméi net déi bescht wier. Fir dat Schwaarz op Wäiss ze kréien, fuerdert d'Gewerkschaft eng objektiv Zefriddenheetsanalys.

Den Haaptproblem géing am Personalmangel bestoen, deen dozou féiere géing, datt den Drock um Eenzelen zimmlech héich wier. Fir dat ze änneren, fuerdert de SPAL ënnert anerem d'Schafe vun enger Reserv-Arméi. De President Christian Schleck erkläert, wéi déi sech zesummesetzen a wéi eng Aufgabe se iwwerhuele kéint:

"Do muss ee kucken, wéi eng Méiglechkeet ee sech gëtt, ob ee Leit hëlt, déi aus der Arméi eraus ginn, déi een trotzdeem nach eng gewëssen Zäit an der Reserv hält. Op d'mannst muss een eng Stäerkt vun engem Peloton, dono Kompanie, muss een envisagéieren, fir lues a lues och déi Leit kënnen ze ënnerstëtzen, déi aktuell do sinn. Virun allem kann ee sou eng Reserv zum Beispill bei nationale Krisen asetzen, wann Iwwerschwemmunge sinn, wann Naturevenementer sinn, iwwerall do mussen déi Leit asazfäeg sinn."

Am Ausland wier een do schonn ee gutt Stéck méi wäit. Ee Begrëff, deen hautdesdaags mat Bléck op d'Beruffsliewen ëmmer nees fält, ass dee vun der Work-Life-Balance, do mécht och d'Arméi keng Ausnam. Fir Beruff a Famill besser ënnert een Hutt ze kréien, bräicht et verschidden Offeren.

"Zum Beispill eng Crèche fir zousätzlech Ënnerstëtzung fir d'Familljen, wann d'Leit och a Missioune sinn oder eleng an Exercicer. Déngschtwunnenge bräichte mer rëm, fir op d'mannst op hallwem Wee tëscht Arel an Dikrech, do kënnt jo lo deemnächst de binationale Batailloun mat dobäi."

Wat dee binationale Batailloun ugeet, beklot ee beim SPAL, datt nach eng Partie juristesch Froen opstoe géingen, wat de Stationnement vu Lëtzebuerger Zaldoten a Material am Ausland ugeet. Et misst iwwerdeems kloer sinn, datt déi Leit, déi op Arel geschéckt ginn, um Härebierg duerch neier ersat ginn.

Mat Bléck op d'Ausbildung wëll d'Gewerkschaft, datt déi an Zukunft zu engem groussen Deel an engem Centre de formation hei zu Lëtzebuerg absolvéiert gëtt.

"Do kéint een Deel vun der Grondausbildung zentraliséiert ginn, net als Spezialisatiounen, mee beispillsweis een Tronc commun militaire. Dëst hätt verschidde Virdeeler, manner Auslandsformatiounen a méi kuerz Absencë vun Doheem. Manner Ofhängegkeet vun de Schoule vun den auslänneschen Arméien, méi Stabilitéit an der Ausbildung, eng méi grouss Kapazitéit fir de Rekrutement an eng besser, op d'Besoine vun der Arméi ugepassten, Formation continue."

Aktuell schaffen eng 1.200 Leit bei der Lëtzebuerger Arméi, bis d'Joer 2035 soll déi Zuel op knapp 2.000 klammen. Wat deen neie Generol Claude Robinet betrëfft, deen Enn vun dësem Mount seng Aarbecht un der Spëtzt vun der Arméi als Successeur vum Steve Thull ufänkt, weist ee sech bei der Gewerkschaft virsiichteg optimistesch, datt mat him eng gutt Zesummenaarbecht méiglech misst sinn.

Déi offiziell Zeremonie fir de Wiessel um Poste vum Chef d'état-major gëtt iwwregens nächste Méindeg, den 28. September, zu Miersch am Park organiséiert.

De SPAL-President Christian Schleck
De SPAL-President Christian Schleck
© Marc Hoscheid

SPAL reagéiert op Dronen-Tëschefall um Findel

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg hu jo Dronen de Fluchtrafic um Findel massiv perturbéiert. De geneeën Hannergrond vun där Aktioun ass zwar nach net bekannt, mee de Premier Luc Frieden hat dono ënnerstrach, datt d'Regierung deen Tëschefall ganz seriö huele géing. Um Bord vun der Pressekonferenz gouf de President Christian Schleck och op den Incident um Findel ugeschwat an huet dat heite geäntwert: 

"Wéi wäit d'Arméi lo involvéiert war, wësse mir à ce stade net. Mee et muss een awer och hannendru soen, wat eis Positioun vum Defensebudget ugeet, mir sinn der Meenung, datt een den Defensebudget soll ënnerstëtzen, datt deen awer intelligent soll agesat ginn, mee virun allem, wann da sou Aktivitéite wéi dat dote stattfannen, da muss ee kucken, wéi wäit den Defensebudget an Zukunft dofir ka benotzt ginn, datt een esou Menacë méi fréi kann detektéieren oder deemno wéi och kommunizéieren, fir déi néideg Sécherheet fir de Findel, an deem heite Fall, awer och d'Bevëlkerung kënnen ze garantéieren."

D'Lëtzebuerger Arméi géing op alle Fall iwwert gewësse Kompetenzen an och iwwert Erfarungen am Ëmgank mat verschiddenen Dronemodeller verfügen, déi eng Plus-value duerstelle kéinten.

Back to Top
CIM LOGO