lux-Airport melltFluchtrafic um Findel war op en Neits wéinst Dronenaktivitéit gestoppt

Samantha Weber
Wéi lux-Airport mellt, war de Fluchtrafic wéinst onerlaabter Dronen-Aktivitéit e Méindeg den Owend temporär gestoppt ginn.

lux-Airport mellt e Méindeg den Owend, datt de Fluchtrafic um Findel temporär tëscht 21:38 an 22:30 Auer wéinst Dronesichtungen an der Géigend vum Fluchhafe gestoppt gi war. Kuerz virun 23 Auer huet lux-Airport du matgedeelt, datt de Betrib nees komplett opgeholl gouf.

Wéi um Site vu lux-Airport ze gesinn ass, sinn duerch de Virfall eng Rei Flich op de Fluchhafen a Retard.

Schreiwes vu lux-Airport vun e Méindeg den Owend

Eréischt e Freideg hunn 19 Flich a Richtung Findel, dorënner 17 vun der Luxair, missen op aner Fluchhäfen ëmgeleet ginn. Dat och wéinst enger temporärer Spärung vum Fluchhafen no enger net autoriséierter Dronenaktivitéit.

Bei engem Point-presse hat de Premier Luc Frieden betount, datt d'Regierung d'Situatioun géing eescht huelen, datt et awer trotzdeem kee Grond géing ginn, ze panikéieren.

Weider Artikelen zu den Drone-Virfäll um Findel:

Back to Top
CIM LOGO