Honnertprozenteg soen, wéi eng Zort Dronen e Freideg an der Géigend vum Fluchhafe geflu sinn, kann och de President vun der Lëtzebuerger Drone-Federatioun Gilles Rock net soen. Mat der aktueller geopolitescher Situatioun kéint hie weder ausschléissen, ob "schlecht Intentiounen" hannendru gestach hunn oder ob "et Privatleit waren, déi mat hiren Dronen ënnerwee waren, sief et fir Fotoen ze maachen, sief et fir Wëld ze sichen oder, datt et professionell Applikatioune waren, wou nach Inspektiounen oder Vermiessunge” gemaach goufen.
Et wier och schwéier anzeschätzen, ob et eng Hobbydron oder eng professionell Dron gewiescht wier. Zwar missten déi kommerziell Drone "gewësse Charakteristike virweise" wéi rout oder gréng Luuchten, "jee nodeem, wéi wäit se fort sinn", wier et awer "ganz schwéier anzeschätzen, ob et eng grouss Dron ass, déi wäit fort ass, oder eng kleng Dron, déi méi no ass". Besonnesch am Däischtere wier et nach méi schwéier anzeschätzen, esou de Gilles Rock.
Och déi verschidde Luuchte géingen net direkt verroden, ob et e Fliger oder eng Dron ass. Zwar hätte Fligeren dacks nach e Stroboskop drun, "dee wäiss liicht", mä "déi hunn awer och rout a gréng Luuchten", déi deene vun Drone "schonn zimmlech änlech" wieren. Allerdéngs ginn et Ënnerscheeder, wat d'Dauer vum Fluch an d'Beweegungen ugeet. "Déi meescht Dronen hunn eng Autonomie vu maximal 20-30 Minutten. Fligere fléie grondsätzlech méi laang". Donieft géinge "laang linear Beweegungen" éischter op e Fliger deiten, méi kleng Beweegungen, déi vu lénks no riets hin- an hierginn, éischter op eng Dron. Drone kléngen duerch hir véier Propelleren och anescht wéi e Fliger. Ma och hei gëllt: wat ee méi wäit fort ass, wat ee méi schlecht den Ënnerscheed ka maachen.
Fir als Laien z'ënnerscheeden, wat ee lo do um Himmel gesäit, réit de Gilles Rock, fir d'éischt mol op Applikatioune wéi "Flightradar" ze kucken. "Et kann een erstaunt sinn, wéi vill Fligeren a wéi wäit een d'Fligere gesäit, wann déi méi wéi zéng Kilometer héich fléien". Esou kéint een Dronen dacks scho mol ausschléissen, sou de President vun der Lëtzebuerger Drone-Federatioun.
De Vize-President vun der Drone-Federatioun Nicolas Zharov erkläert, datt et "verschidden Aarte vu Sensore" gëtt, mat deenen Dronen detektéiert kënne ginn. Dorënner Radarsystemer, akustesch Systemer, visuell Systemer oder och Wäermebildsystemer, "déi Dronen an der Nuecht erkenne kënnen". Dës Systemer wieren awer just eng "Reaktioun". Fir den Nicolas Zharov misst een éischter antizipéieren, amplaz reagéieren. De Problem vun den aktuelle Sensore wier, datt hir Leeschtung limitéiert wier. Drone géinge sech immens séier weiderentwéckelen, wat ee besonnesch an der Ukrain géing gesinn. Dowéinst misst Lëtzebuerg "innovativ sinn" a seng "Strategie upassen", "fir eise Loftraum ze schützen", betount den Nicolas Zharov.
Ee System, deen et an Europa scho gëtt, awer nach net am Grand-Duché benotzt gëtt, ass den "Drone ID". Mat dësem kënne souwuel de Pilot wéi och d'Dron selwer identifizéiert ginn, erkläert den Nicolas Zharov. Virun allem misst ee sech awer bewosst ginn, datt et an Zukunft "vill méi Dronen an der Loft wäert ginn an, datt mir e méi robuste System brauchen, fir de Fluchtrafick ze managen". Duerch Technologië wéi 5G, kéint een "e Bild vum Loftraum" iwwer Lëtzebuerg kréien. Dofir misst awer Innovatiounsbedarf geschaaft ginn, "fir, datt Entreprisen esou Léisungen ubidde kënnen". Dat geet dem Nicolas Zharov no awer just mat entspriechende Gesetzer. Frankräich an Däitschland wiere gutt Beispiller dofir, wéi Gesetzer geännert goufen, fir "privaten Entreprisen de Schutz vum Loftraum iwwer kriteschen Objeten a kritescher Infrastruktur wéi Fluchhäfen z'erméiglechen".
Virun allem wier awer d'Detektioun vun den Dronen dat Wichtegst. "Drone kënne mat immens héijer Vitess ufléien an et muss ee se scho vu Wäitem erkenne kënnen". Fir den Nicolas Zharov bräicht et dofir "net just eng national Léisung, mä villméi eng europäesch Solutioun a Kooperatioun mat den Nopeschlänner, fir, datt mir an der Tëschenzäit interagéieren an handele kënnen". De Vize-President preziséiert awer och, datt d'Regierung bei de Virfäll an de leschten Deeg "séier gehandelt" an esou "Léisunge fir de Schutz vum Loftraum" bereetgestallt hätt.
Wéi verschidden Dronen um Nuetshimmel ausgesinn, weise mir Iech den Owend um 19:30 Auer am Journal op RTL Télé.
Weider Artikelen zu den Drone-Virfäll déi lescht Deeg: