Pressekonferenz zu Drone-VirfällPremier Luc Frieden: Dronen ofschéissen, ze geféierlech fir Leit um Buedem

Samantha Weber
Joel Detaille
En Donneschdeg hunn de Premier, d'Mobilitéitsministesch an den Inneminister weider Detailer zu de rezente Virfäll mat net-identifizéierten Drone ginn.
Pressekonferenz zu Drone-Virfäll
En Donneschdeg hunn de Premier, d'Mobilitéitsministesch an den Inneminister weider Detailer zu de rezente Virfäll mat net-identifizéierten Drone ginn.

Pressekonferenz zu den Drone-Virfäll - Reportage Michèle Sinner

Et hätt keng direkt Gefor fir d'Populatioun ginn. Dat huet de Premier Luc Frieden en Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz betount, bei där et ëm déi rezent Drone-Virfäll goung. Dat wéisst een haut: "Mir kënnen haut soen, datt et keng direkt Gefor fir d'Populatioun gouf. Mee dee Moment, datt wou esou Dronen kommen, weess een dat selbstverständlech net. Et kann een och net wëssen, och grad well et ënnerschiddlech Type vun Dronen ginn, déi een fir d'éischt muss detektéieren an identifizéieren."

De Premier Luc Frieden entwarnt nom Drone-Virfall

Ma déi Ausso gouf awer e bëssen mitigéiert, doduerch datt et de Moment ëmmer nach keng geséchert Informatiounen driwwer gëtt, wou d'Dronen hierkoumen, wien se geschéckt huet, oder op se arméiert waren. Déi Analysen lafen nach a ginn zesumme mat den Alliéierte gemaach, hunn d'Regierungsvertrieder erkläert. Den Direkter vun der Police, de Pascal Peters sot, datt d'Police d'Kapazitéiten hätt, fir Dronen ze detektéieren an ze neutraliséieren. Mee de Luc Frieden huet ze bedenken ginn, datt d'Neutraliséierung och gréisser Risike mat sech bréngt.

"Wann esou eng Dron vun een, zwee Meter iergendwou ënnen op de Buedem fält, da riskéiert dat Mënscheliewen a Gefor ze setzen. Duerfir ass dat en Ofweien, dat muss gemaach ginn. Déi huet d'Police gemaach, déi hunn d'Sécherheetsorganer gemaach, déi ass och mat eis gedeelt ginn. Et ass net einfach, datt een einfach op eng Dron schéisst, da fält déi erof. Ech wëll nach eng Kéier soen, de Constat, dee gemaach gi war, war net, datt dat Drone wären, wéi déi, déi een an engem Buttek einfach kann als Privatpersoun kafen. Wann dat méi grouss Objete sinn, dann ass de Risiko vun engem Schued bis hin zum Stierwe vu Leit, déi ënne wären, grouss. An duerfir ass dat en Ofweien, dat muss gemaach ginn, éier et iwwerhaapt zu enger Neutralisatioun kënnt.”

De Premier Luc Frieden iwwert d'Gefor vun der Neutralisatioun vun Dronen

D'Regierung huet rassuréiert, datt d'Police dat néidegt Material huet, fir ze reagéieren. Och eise Flughafen wier änlech ekipéiert, wéi Flughäfen am Ausland. Well esou Virfäll awer warscheinlech méi heefeg géifen ginn an ëmmer neit Material an den Asaz kéim, gi geplangten Investissementer virgezunn an den Haut Commissariat à la Protection nationale keeft schonn dëst Joer nei Detektiounssystemer, déi fir d'nächst Joer geplangt waren.

Den nationalen Droneplang gouf an der Regierung ugeholl an ass amgaang ëmgesat ze ginn. Et hätt een och Kontakt mat den Nopeschlänner gehat an Hëllef ugefrot. De Premier huet an deem Sënn der Belsch a Frankräich Merci gesot.

Mir selwer hei zu Lëtzebuerg hätten zwar schonns Detektiounsmaterial fir eng méiglech Drone-Gefor ze erkennen, mä et wëll een elo noleeën. Material, dat u sech eréischt am Laf vum nächste Joer soll kaf ginn, gëtt schonn elo ugeschaaft. Den Haut-Commissariat à la protection nationale huet en entspriechenden Optrag kritt. Wéi ee Budget genee dofir virgesinn ass, kommentéiert d'Regierung net: "Et wéilt een deenen, déi engem schlecht wëllen, net ze vill Detailer liwweren."

Wat d’Dronen u sech uginn, déi iwwert dem Findel gesi goufen, hätt een déi effektiv gesinn, huet den Direkter vun der ANA Andrea Drescher en Donneschdeg de Moien erkläert. Et gouf also eng visuell Detektioun. Et wéisst een awer net, wéi eng Typpe vun Dronen et genee waren.

Vu wou koumen déi Dronen dann hier?

Do wieren d’Analysen nach amgaang, sot de Premier. An et wier net den Ament, fir ze spekuléieren. Dat wier net responsabel, sou de Luc Frieden. Et wier e ganz sensibelen Domaine, huet och den Inneminister Gloden ënnerstrach, Spekulatiounen wieren net ubruecht. Dat repressiivt Virgoe géint Drone wier och net evident, huet de Luc Frieden betount. Et kéint ee se net einfach ofschéissen. Dat géing nämlech eng ze grouss Gefor fir méiglech Leit um Buedem duerstellen.

Wéinst de rezente Virfäll mat net-identifizéierten Dronen um Lëtzebuerger Territoire haten de Premier Luc Frieden, d'Mobilitéitsministesch Backes an den Inneminister Gloden en Donneschdeg op eng Pressekonferenz agelueden. Dat zesumme mam Haut commissaire fir national Sécherheet Guy Bley.

Déi komplett Pressekonferenz am Replay:

Pressekonferenz zu Drone-Virfäll
Premier Luc Frieden: Dronen ofschéissen, ze geféierlech fir Leit um Buedem.

Liest hei eis Artikelen zu de rezenten Drone-Virfäll:

Back to Top
CIM LOGO