Elektroapparater geklautZeienopruff no Abroch an e Bauerenhaff zu Noumer

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg hu sech Onbekannter Accès op de Site vun engem Bauerenhaff an der Haaptstrooss zu Noumer verschaaft.

Dobäi goufen eng Rei Elektroapparater geklaut. D’Police sicht an dësem Kontext elo no Zeien.

Wien hëllefräich Informatiounen huet, soll sech beim Policebüro vu Miersch ënnert der Nummer (+352) 244 90 1000 oder per Mail u police.mersch@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO