Invité vun der Redaktioun (28. August) - Yuriko BackesEn neien "nationale Mobilitéitsplang" an "Operatiounen um oppenen Häerz"

François Aulner
E Freideg de Moie war de Verkéier am Land Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Yuriko Backes
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Déi grouss Chantieren ewéi deen op der Diddelenger Autobunn si wéi "Operatiounen um oppenen Häerz". Esou huet d’Mobilitéitsministesch e Freideg de Moien hei op RTL erkläert, firwat d’Aarbechten dacks laang daueren. D’Yuriko Backes sot, et géing “ganz vill” an d’Infrastruktur investéiert ginn, well dat “Allerdeierst” fir d’Land, fir d’Ekonomie a fir d’Liewensqualitéit, dat wieren d’Investissementer, déi net gemaach ginn.

Aktuell gëtt den nationale Mobilitéitsplang bis 2035 vun hirem Virgänger François Bausch ëmgesat, mee d’Yuriko Backes huet e Freideg de Moie bei eis en neien ugekënnegt. Och dës Kéier gouf am Virfeld eng Luxmobil-Ëmfro gemaach, déi als Basis soll déngen.

D’Mobilitéitsministesch presentéiert d’Resultater am Laf vum nächste Mount, mee sot schonn, datt een en “Ëmdenke” bei de Leit géing gesinn. Et wier een um gudde Wee, fir d’Zil vum sougenannte “Modal split” z'erreechen - also 60% motoriséierten Individualverkéier a 40% ëffentlechen Transport a Mobilité douce. Dat “andeems, datt mir de Leit méi Choix ginn ewech vum Stau, ob dat dann iwwert den Tram geet oder iwwert den Zuch oder Vëlospisten”, sou d’Yuriko Backes.

"Operatioun um oppenen Häerz"

An d’Stroosse gëtt awer och weider investéiert. Mir konnten net all d’Chantieren a Projeten am Stroossennetz e Freideg de Moien opzielen. Een, deen awer vill Impakt huet, erausgepickt, ass den Ausbau vun der Diddelenger Autobunn, deen zanter Joren dauert. D’Mobilitéitsministesch huet verséchert, datt een d’Leit “esou wéineg wéi méiglech wéilt stéieren” a kee géing “träntelen”. Mee et géing wéi gesot un oppenem Häerz operéiert ginn.

Et géing am lafende Betrib geschafft ginn: “Mir kënne jo net soen, ‘lo maache mer déi Autobunn wärend fënnef Joer zou, da maache mer déi an da fuere mer weider’. Oder op enger Zuchstreck, Neibaustreck ‘lo maache mer déi wärend fënnef Joer zou, da setze mer dat an d’Rei an da fuere mer weider’. Dat geet net”, esou d’Yuriko Backes, déi och nach op d’Sécherheetsmesuren higewisen huet, déi misste respektéiert ginn.

Rondrëm d’Stied, mee ouni Ring

Zanter de leschte Mobilitéitsplang viru 9 Joer ausgeschafft gouf, zielt Lëtzebuerg 90.000 Residenten a 50.000 Frontaliere méi. Den DP-Deputéierten a Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt hat de leschte Freideg hei op der Antenn gehofft, datt d’Stad eng Kéier e ganze Ring kréich. Seng Parteikolleegin sot e Freideg de Moien awer Nee. De Ring vu Bréissel an de Périph' vu Paräis “ne font pas vraiment rêver”, sou d’Yuriko Backes, woubäi een net weess, ewéi béid Stied ouni géingen ausgesinn oder funktionéieren. Si huet virun engem “zimmlech groussen Agrëff” an de Bambësch a Gréngewald gewarnt, mee och Brécken iwwert “historesch Quartiere” vun der Stad.

Am selwechte Saz sot si awer widderspréchlech, datt ee weider misst “kucken, wéi d'Leit am beschte ronderëm d'Stied kommen”. (*)

Op d’Fro, ob d’Erüd iwwert eng “Tangente ouest” fir d’Areler Autobunn mat der Nordstrooss ze verbannen, déi 2007 decidéiert gi war, eng Schnapsiddi vun der deemoleger CSV-LSAP Majoritéit war, huet si geäntwert: “Ech weess dat net”. Si huet widderholl, datt een d’Leit mat anere Moyenen an d’Stad misst kréien a si huet awer och den Zesummenhang gemaach tëscht Transport a Wunnraum. An der Stad géing et véier Aarbechtsplaze fir eng Wunneng ginn, mee et géinge jo och vill nei Wunnenge gebaut ginn.

Belsch Zuchstrecken a Vignette

D’Yuriko Backes huet en Donneschdeg zesumme mam belsche federalen Transportminister Jean-Luc Crucke den Zuch an der Belsch geholl. Si krut confirméiert, datt déi nei Lëtzebuerg – Bréissel Zuchverbindung an 2 Stonnen an 10 Minutte fréistens 2031 wäert fäerdeg sinn. Ufanks war 2029 geplangt.

Wat d’Iddi vun de belsche Regiounen, fir eng Vignette anzeféieren, ugeet, hätt sech näischt geännert. D’Lëtzebuerger Mobilitéitsministesch hätt nach ëmmer keen Text gesinn, dee si kéint juristesch iwwerpréiwe loossen an esouguer nach ëmmer keng Äntwert vun de Vertrieder vun de belsche Regioune op hir Bréiwer kritt.

(*) Nom Interview sot eis d’Ministesch, datt beim Projet vum Boulevard de Merl op d’mannst d’Ponts et chaussées ugefaangen hunn, Terrainen ze kréien en Vue vum Bau dovunner.

E Freideg de Moie war de Verkéier am Land Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO