Invité vun der Redaktioun (21. August) - Patrick GoldschmidtHoffnung op e "Ring", dee komplett ronderëm d'Stad geet

François Aulner
E Freideg de Moie waren ë.a. d'Schueberfouer Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Patrick Goldschmidt
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Et ass déi éischte Kéier zanter ganz laangem, datt e Politiker sech fir e Ring ronderëm déi ganz Stad ausschwätzt: Den DP-Deputéierten a Stater Schäffe Patrick Goldschmidt huet dat e Freideg de Moien op RTL als "Hoffnung" beschriwwen. Hie sot zwar, d’Stad wéilt net méi Autoen, déi an d’Stad kommen an datt hien optimistesch ass, datt et bis 2035 just nach 50% motoriséierten Individualverkéier gëtt. E puer grouss Stroosse wiere fir de Verkéier ronderëm d’Stad awer néideg.

D’Populatioun vum Land an den Emploi si gewuess a wäerten dat nach weider maachen. Op de Stau um hallwe Ring vun der Stad ugeschwat, huet de Patrick Goldschmidt geäntwert, dat wier eng Fro, déi ee kéint senger Parteikolleegin, der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes, weider reechen. Hie sot awer och: "ech hoffen, datt mer do vläicht eng Kéier e Ring kréien, dee ganz zou ass, deen den Tuer ganz mécht". Donieft wënscht hie sech Verbreederunge vum Ring do, wou et méiglech wier. (Virun 20 Joer war eng Etüd iwwert eng "Tangente ouest" gestëmmt ginn, mee déi potentiell zousätzlech Connectioun gouf fale gelooss, nvdr.)

Elo bräicht d’Stad awer Mol séier de Boulevard de Merl, esou de Patrick Goldschmidt – de Boulevard, dee vum CHL op der Areler Strooss westlech laanscht de Belair, Märel an Zéisseng bis op de Ban de Gasperech soll goen. Éischtens fir d’Leit aus dem Weste vum Land, mee och wéinst dem Chantier fir d’Extensioun vum Tram vun der Stäreplaz bis bei den CHL. Hien hätt positiv Informatioune vun de Ponts et Chaussées a rechent domadder, datt een am Hierscht géing gewuer ginn, datt de Staat elo all déi néideg Terrainen hätt.

"Mir wëllen net méi Autoen an der Stad hunn"

De Stater Schäffen an DP-Deputéierte sot de Freideg de Moien awer och, datt d’Unzuel un Autoen, déi an d’Stad erakommen, net géing eropgoen, well d’Stad dat net wéilt an dat notamment duerch d’Luuchtesteierung géing favoriséieren. Fir an d’Stad misst een Alternative benotzen oder méi op de Covoiturage setzen.

De Patrick Goldschmidt war dowéinst "ganz optimistesch", datt hie säin Optrag aus der Schäfferotserklärung erfëllt kritt. Do steet ënnert anerem dran, datt d’Stad op de Modal Split 50 – 50 bis 2035 soll kommen. An anere Wierder, datt de motoriséierten Individualverkéier just nach d’Hallschent vun all den Deplacementer duerstellt an déi aner Hallschent den ëffentlechen Transport an d’Mobilité douce.

"Leider" duerch d’Energiekrisen, mee och de gratis ëffentlechen Transport géingen ëmmer méi Leit alternativ Verkéiersmëttel benotzen. Zesumme mat den nationalen Instanze géing een och de Bus an Tramservice iwwert d’Grenz vun der Stad eraus ausbauen an optimiséieren, mee och fir de Vëlo géing et vill Projete ginn, dorënner eng Bunn um Boulevard Roosevelt an eng Vëlosbréck tëscht dem Cents a Weimeschhaff.

Plaffong beim neien Amortissement accéléré problematesch

Déi steierlech Mesurë fir den Invest an de lokative Wunnraum wiere "ganz, ganz, gutt", sou nach de Patrick Goldschmidt. Als liberale Politiker hätt sech de Patrick Goldschmidt awer nach méi vu senger Regierung gewënscht. Duerch d’Blumm huet hie kritiséiert, datt de geplangten neien Amortissement accéléré vu 6% op 600.000 Euro plafonéiert soll ginn. Hien huet op eiser Antenn Rechnunge gemaach, deenen no en deplafonnéierten Amortissement accéléré vu 6% dem Staat manner deier géing ginn ewéi déi Honnerte Milliounen Euro, déi de Staat an de Logement investéiert.

Keen Interessi, fir Immobilie vun Agostino opzekafen

D’Tageblatt an d’Land haten doriwwer bericht: Dem Patrick Goldschmidt seng Parteikolleegin an Deputéiert Barbara Agostino hat d’Stad Lëtzebuerg kritiséiert, well se Immobilie vun hir zu Hollerech net wollt iwwerhuelen an dat dem Commerce géing schueden. De Patrick Goldschmidt sot, d’Präisser, déi gefrot goufen, wiere "vill ze vill héich" gewiescht an et wier ee sech bis haut net eens ginn an et wier och keen Interessi vun der Stad do, well am Quartier scho grouss Projeten an der Maach sinn.

Präisser op der Fouer a priori d’selwecht ewéi 2025

D’Fouer geet e Freideg op, als zoustännege Schäffen hätt hien d’Informatioun, datt d’Präisser dëst Joer net méi héich wieren ewéi zejoert. D’Gromperekichelcher zum Beispill géingen op engem Stand ewéi d’lescht Joer 7,5 Euro kaschten an op engem aneren esouguer just 7. Hien huet just och nach drop higewisen, datt d'Forainen hir Wueren akafen an och mat de Präisentwécklunge misste matgoen. A Priori géing et awer bleiwen ewéi d’lescht Joer.

E Freideg de Moie waren ë.a. d'Schueberfouer Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO