Nei MesurenWéi vill Leit kann een dann elo bei sech invitéieren?

RTL Lëtzebuerg
Wéinst Zweiwel bei der Interpretatioun vun dëser Mesure, huet RTL beim Rapporter vum Gesetz nogefrot.

Vun e Freideg un a bis Enn vum Joer däerf ee just nach 4 Persoune bei sech doheem invitéieren. Am amendéierte Covid-Gesetz steet awer: Beim Ziele vun de 4 Leit gëtt de Membere vum Stot oder deenen, déi ënnert dem selwechten Daach liewen, net Rechnung gedroen.

Well et Zweiwel gëtt bei der Interpretatioun, ob een dann zum Beispill 4 Stéit oder e Stot vu 5 Leit kéint empfänken, hu mer beim Rapporter vum Gesetz nogefrot. Den Deputéierte Mars Di Bartolomeo huet ons erkläert, datt dee Saz sech eleng op de Stot bezitt, deen empfänkt.

An anere Wierder: De Stot, deen aluet, kann zu méi ewéi 4 sinn. Allerdéngs kann een net e ganze Stot vun iwwer 4 Leit bei sech Heem invitéieren.

Wier et anescht, géing ee riskéieren, datt et zu Rassemblementer vun 20 oder méi Leit kënnt. De Gesondheetsministère confirméiert op Nofro hin dës Interpretatioun. E Stot, deen invitéiert, ka maximal 4 aner individuell Persounen empfänken.

PDF: Déi aktuell Covid-19-Mesuren op ee Bléck

Back to Top
CIM LOGO