Zu ÉiterAttrapp vun enger Granat léist gréissere Policeasaz aus

RTL Lëtzebuerg
Bei der Kontroll vun engem accidentéierte Gefier zu Éiter hate Beamten e Géigestand gesinn, dee wéi eng richteg Granat ausgesinn huet.
© Laurent Weber

Kuerz viru 17 Auer en Dënschdeg krut d'Police e Verkéiersaccident zu Éiter gemellt. Eng Fra war hei mat hirem Auto an e Potto gerannt. Si koum mat liichte Blessuren an d'Spidol. D'Strooss an der Montée d'Oetrange war nom Accident blockéiert.

Wéi et um Dënschdegowend vun der Police heescht, hätten d'Beamte bei der Kontroll vum accidentéierte Gefier schliisslech eng Attrapp vun enger Granat fonnt, grad ewéi dräi Kanister, an deenen eng Flëssegkeet dra war, déi net konnt identifizéiert ginn. Doropshi gouf e Sécherheetsperimeter gezunn, eng Partie Haiser goufen evakuéiert an d'Zuchstreck, déi an der Géigend verleeft, war och gespaart ginn.

De Service de Deminage vun der Spezialunitéit vun der Police, grad wéi de Service de Deminage vun der Arméi, si fir eng weider Iwwerpréiwung op d'Plaz komm.

Kuerz no 19 Auer gouf et dunn Entwarnung an alleguer d'Sécherheetsmesurë konnten opgehuewe ginn.

Back to Top
CIM LOGO