Georges Engel am Interview"D'DP, déi fënnt déi Politik vum Luc Frieden excellent"

Pierre Weimerskirch
Den LSAP-Parteipresident Georges Engel huet am RTL-Journal iwwer d'Sonndesfro, de Sozialdialog, d’Tripartite an op d'Fuerderung vun der LSAP, de Mindestloun ze erhéijen, geschwat.
Georges Engel am Interview
"D'DP, déi fënnt déi Politik vum Luc Frieden excellent"

Mat der aktueller Sonndesfro weist sech de Georges Engel zefridden. D’LSAP géif dräi Sëtz bäikréien, wat fir hien e kloert Zeeche wier, dass een net alles komplett falsch géif maachen.

D'Regierung géif am grousse Ganzen elo net esou gutt do stoen, well och eng ganz Rei falsch Decisioune geholl goufen, esou de fréieren Aarbechtsminister.

Wat méiglech Koalitioune betrëfft, wëllt de Georges Engel sech net festleeën, mee eng Gambia-Optioun bleift fir hien denkbar. Gläichzäiteg wëllt hien nach keng Debatt ronderëm e Spëtzekandidat, respektiv eng Spëtzekandidatin, féieren.

“Ech mengen, wat eis wierklech wichteg ass, dass mer eng Ekipp hunn, déi zu deem Programm steet, dee mer elo an den nächste Wochen a Méint wäerten ausschaffen. Dat huet eis ëmmer staark gemaach, dass mer eng Ekipp sinn, dass mer net engem nolafen, mee dass mer als Ekipp dat verkierperen, dat wierklech liewen, wat mer als Bescht fir eist Land an engem Walprogramm eraschaffen.”

LSAP wëll Erhéijung vum Mindestloun

Fir d'Tripartite bleift de Georges Engel skeptesch. Hien hat scho vun Ufank u gesot, hie géif net vill Ännerunge mat engem neien Aarbechtsminister erwaarden, well d'Politik vun der Regierung staark vum Premier gepräägt wier.

“Ech mengen, datt de Marc Spautz wierklech wollt eppes un där Politik do änneren. En huet dat jo als Fraktiounspresident och probéiert ze maachen. Mee e krut sech net duerchgesat, well de Premier och hei eng Politik mécht, déi vum Koalitiounspartner ganz staark gedroe gëtt. D'DP, déi fënnt déi Politik vum Luc Frieden excellent.”

Aktuell wier och nach net kloer, wat iwwerhaapt d'Theeme vun der Tripartite sinn. Déi verschidde Säite géifen ënnerschiddlech Prioritéite setzen.

"De Luc Frieden hätt gären d'Energiepräisser, d'Yuriko Backes seet Chômage, Inflatioun, Kompetitivitéit. De Gilles Roth, dee seet Logement. Ech mengen awer, dass et derwäert wär, fir och iwwer de Mindestloun nach eng Kéier ze diskutéieren."

D'Partei fuerdert eng Erhéijung vum Mindestloun ëm 200 Euro a wëllt dobäi och d'Betriber méi geziilt ënnerstëtzen. Gläichzäiteg bréngen den LSAP-Parteipresident a seng Partei nei Iddien an d'Diskussioun, wéi eng Robotertax oder eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit.

"Et geet jo awer ëm de Mënsch, et geet jo net ëm d’Maschinnen", esou de Georges Engel.

Déi lescht Reduktioun vun der Aarbechtszäit wier an de 70er Joren decidéiert ginn, dofir wier et elo un der Zäit, dës ze reforméieren, d’LSAP proposéiert eng 38-Stonne-Woch.

Back to Top
CIM LOGO