Wien ass de frëschgebakene Stärekach?"Gëschter war d’Feier an haut geet et weider mat schaffen"

Lea Schwartz
Fir de Chefkach Kim de Dood war et net deen éischte Stär a senger Karriär an awer war et een emotionale Moment.
Wien ass de frëschgebakene Stärekach?
Fir de Chefkach Kim de Dood war et net deen éischte Stär a senger Karriär an awer war et een emotionale Moment.

Zu Antwerpen an der Belsch sinn e Méindeg an der Mëttegstonn Stäre verdeelt ginn. Déi nei Editioun vum Guide Michelin fir Lëtzebuerg a fir d'Belsch gouf präsentéiert. Nei dobäi mat engem Stär ass de Restaurant "Le Lys" an der Villa Pétrusse an der Stad. 

Fir de Chefkach Kim de Dood war et net deen éischte Stär a senger Karriär an awer war et een emotionale Moment. Mir treffen de Kim de Dood een Dag no der Zeremonie a senger Kichen an där schonn de Menü fir den Owend präparéiert gëtt. "Gëschter war d'Feier an haut geet et weider mat schaffen", esou de Chefkach.

Hien ass direkt no der Zeremonie zu Antwerpen zréck op Lëtzebuerg komm an huet zesumme mat senger Ekipp gefeiert. "Fir si ass et wierklech eng schéin Auszeechnung, wat si kënnen ee Liewe laang an Erënnerung behalen”, erkläert de Kim de Dood am Interview. Et wär nach eng Kéier méi besonnesch, wann een an engem Restaurant schafft, deen nei ee Stär dobäi kritt.

De Restaurant ass réischt am Summer d'lescht Joer opgaangen. Am Hierscht kruten si schonn d'Auszeechnung vun der Découverte de l'année vum Restaurantsguide "Gault et Millau" an elo ass nach de Michelinsstär dobäi komm. "Et war einfach puer Freed a wierklech och eng grouss Erliichterung", erënnert sech de Kim de Dood un dee Moment, un deem verkënnegt ginn ass, dass si de Stär kréien.

Et ass ee Moment, op deen hie laang higeschafft huet, net just de Stär, mee och de Restaurant zu Lëtzebuerg. Hien huet déi lescht Joeren am Ausland verbruecht, virun allem an Asien: "Ech sinn an Asie gaangen, well ech do am beschte konnt léieren. Aus engem kuerzen Trip sinn am ganzen 9 Joer ginn. Ech hu meng Fra dohanne kennegeléiert, ech hu mäin éischte Michelinsstär dohanne kritt. Ech hat d'Chance Kichechef ze sinn. Et si wierklech vill Erfarungen, mee et war ëmmer de Plang, iergendwann eng Kéier zréck op Lëtzebuerg ze kommen, fir eben hei kënnen ze weisen, wat ech wierklech drop hunn. A bësse meng Erfarung aus der ganzer Welt matzebréngen", esou de gebiertege Lëtzebuerger.

Seng Ausbildung huet hien an der Hotelsschoul zu Dikrech gemaach. Duerno huet hien an zwee an dräi Stärerestauranten an Däitschland, England an der Belsch geschafft. Zu Singapur ass hien du selwer Chefkach ginn am Restaurant Saint-Pierre. No zwee Joer huet de Restaurant säin éischte Stär kritt. Do war hien Ufank 20.

Hien huet een zweete Restaurant Saint-Pierre zu Kuala Lumpur a Malaysien opgebaut an ass 2020 fir ee Projet zréck bei d’Hotelsschoul komm. Hien war de Chefkach op der Weltausstellung vum Lëtzebuerger Pavillon an huet do eng Ekipp aus der Hotelsschoul geleet. A senger Kiche gëtt europäesch mat asiateschen Aflëss gekacht.

Elo mam Stär soll sech och net vill änneren. Si géife weider wéi ëmmer maachen. Och schonn een Dag no der Zeremonie.

Back to Top
CIM LOGO