Éischte CEO vun der CargoluxDe Einar Ólafsson ass dout

RTL Lëtzebuerg
De gebiertegen Islänner war vun 1970 bis 1982 den éischte CEO vun der Cargolux.
© Facebook.com / Cargolux Airlines International S.A.

Den Einar Ólafsson ass dout. Hie war vun 1970 bis 1982 den éischte CEO vun der Cargolux. Déi national Cargo-Fluchgesellschaft huet den Doud op de Soziale Medie confirméiert. Hien hätt eng wichteg Roll an de fréie Jore vun der Entreprise gespillt an de Grondstee fir de spéidere Wuesstem vun der Cargolux geluecht.

Back to Top
CIM LOGO