Accident en Dënschdeg de Moie fréi géint 4:30 Auer op der A6 a Richtung Stad, dat op der Héicht vu Stroossen. D'Autobunn bleift op där Héicht bis op Weideres fir den Trafic gespaart. Duerch deen Accident kënnt et deementspriechend an deem Beräich zu gréissere Perturbatiounen am Trafic. Um 6:30 Auer goufe scho 5 Kilometer Stau notéiert, um kuerz no 7 ware et der schonn 9.