Ma wat ass mat Leit, déi dat net verstinn? En Donneschdeg, den 2. Abrëll 2020 ass den internationale Weltautismusdag.
Autismus ass vun der Weltgesondheetsorganisatioun als eng déif gräifend Entwécklungsstéierung definéiert.
Mir waren an de Foyer op Munzen kucken, wei d'Bewunner an d'Personal an Zäite vun der Corona-Kris liewen. 19 Mënsche liewen zu Munzen, eng 14 Persoune liewen am Foyer zu Rammerech. Bis ewell gëtt et nach kee Fall vu Covid-19 zu Munzen. Kéim et dozou, wier een op déi Situatioun preparéiert. Déi concernéiert Persoune kéimen an en Haus op Rammerech, wat den Ament nach net bewunnt ass.
