Op Uerder vum ParquetPolice huet sougenannte "Money Mule" festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An deem Zesummenhang mécht d'Police de Rappel, datt d'Bereetstelle vun engem Bankkont zum Zweck vun der Geldwäsch mat Prisongs- a Geldstrofe penaliséiert gëtt.
© Laurent Weber

En Dënschdegnomëtteg hat d'Police e Bedruchsfall gemellt krit, bei deem dem Affer eng gréisser Geldzomm vum Kont opgehuewe ginn ass. Am Kader vun hiren Ermëttlunge konnten d'Autoritéiten e presuméierten Täter, e sougenannte "Money Mule", ermëttelen a kuerz drop lokaliséieren a stellen. Op Uerder vum Parquet Dikrech ass de Verdächtege festgeholl an den Dag drop dem Untersuchungsriichter virgefouert ginn.

An deem Kader mécht d'Police de Rappel, datt d'Bereetstelle vun engem Bankkont zum Zweck vun der Geldwäsch mat Prisongsstrofe bis fënnef Joer a Geldstrofe bis 1.250.000 Euro bestrooft gëtt.

Back to Top
CIM LOGO