226 Milliounen Euro fir de Fiskus vun der ZukunftLëtzebuerg wëll seng Steierverwaltung komplett nei erfannen

Tim Morizet
D’Lëtzebuerger Steierverwaltung steet virun enger vun de gréissten Transformatiounen an hirer Geschicht.

D’Regierung wëll iwwer 226 Milliounen Euro investéieren, fir d’Administration des contributions directes (ACD) komplett nei digital opzestellen. Dat geet aus engem neie Projet de loi ervir, deen elo och der Chamber presentéiert ginn ass.

D’Zil ass kloer: eng modern, digital a méi effizient Steierverwaltung, deen dem Pabeier an deels veraalte Systemer Äddi seet. „Mir probéieren, modern, accessibel a biergerno ze ginn“, erkläert den Direkter vun der Steierverwaltung Jean-Paul Olinger. „Eis aktuell Infrastruktur datéiert aus de 70er an 80er Joren. Och mat KI an neien Entwécklungen, déi kommen, kënne mer do net méi drop entwéckelen.“

Eng Verwaltung un der Limitt

D’Zuele weisen, wéi massiv d’Aufgab ass. D’ACD verschafft all Joer Honnertdausende Steierdossieren. 2024 goufen 880.000 Steierfichen ausgestallt a 580.000 Steiererklärungen traitéiert. Dobäi geréiert d’Verwaltung Steierrecettë vu 16 Milliarden Euro.

Trotzdeem leeft haut nach vill iwwer Pabeier. Nëmmen e klengen Deel vun de private Steiererklärunge gëtt digital iwwer MyGuichet gemaach.

„De Gros vun de Steiererklärunge kënnt haut nach op Pabeier eran“, seet den Olinger. „Mir géifen dem Bierger gären eng einfach Méiglechkeet bidden, fir seng Steiererklärung digital eranzeginn.“

Dofir soll elo eng komplett nei intern Plattform kommen, déi d’Aarbecht net nëmme fir Bierger an Entreprisen, mee och fir d’Personal bei der Verwaltung vereinfacht.

„Mir hätten och gären en Interface, deen et erméiglecht, datt de Bierger an de Steierbeamte sech kënne mateneen echangéieren“, esou den Direkter vun der Steierverwaltung.

Firwat kascht dat iwwer 226 Milliounen Euro?

De Präis vum Projet huet och an der Chamber fir Diskussioune gesuergt. 226 Milliounen Euro iwwer fënnef Joer — fir vill Leit eng enorm Zomm „fir e Computerprogramm“.

Mee der Steierverwaltung no geet et ëm vill méi wéi just eng Software. „Et ass eng ganz grouss Enveloppe“, seet den Olinger. „Do dran ass net nëmmen d'Solutioun, mee och d’Beaarbechtung vun de Steiererklärungen, d’Kontroll hannendrun an d’Sécherstellen, dass jidderee seng Steiere bezilt.“

D’Komplexitéit vum System wier enorm. D’ACD huet ronn 70 verschidde Servicer, geréiert d’Steiere vun 380.000 Menagen an 125.000 Entreprisen an tauscht véier Milliounen Dokumenter mat 111 Länner aus.

D’Regierung wëll dofir op eng „clé en main“-Léisung setzen — also eng Software, déi schonn existéiert an nëmmen nach un de Lëtzebuerger System ugepasst gëtt. „D’Komplexitéit vun esou Developpementer géif eis Capacitéiten iwwerschreiden“, erkläert den Olinger.

Och d’Deputéiert verstinn, dass eng Moderniséierung néideg ass — mee Froe bleiwen

„Et ass natierlech en zolitte Montant“, seet den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. „Mee à la base ass et eng gutt Saach, dass mer e méi effikassen, digitaliséierte System kréien.“

Gläichzäiteg warnt hien awer virun enger ze grousser Ofhängegkeet vun auslänneschen Tech-Acteuren. „Et ass wichteg, dass een europäesch Solutioune sicht“, esou de Fayot. „Hei geet et ëm ganz sensibel Informatiounen. Steierinformatioune sinn dat Confidentielst, wat d’Leit hunn.“

D’Digitaliséierung soll och méi Sue bréngen

D’Steierverwaltung hofft net nëmmen op méi Confort fir d’Bierger, mee och op méi héich Steierrecetten. „Mir denken, dass mer méi Steierrecettë wäerte generéieren, well mer Situatiounen, déi mer haut net gesinn, duerch deen neie System wäerten entdecken“, erkläert den Direkter vun der Steierverwaltung Jean-Paul Olinger.

Et geet dobäi net nëmmen ëm bewosste Bedruch. „Déi meescht Bierger wëllen hir Steiererklärung richteg maachen“, esou den Direkter. „Mee d’Komplexitéit vum System mécht, dass vläicht verschidde Revenuen net propper deklaréiert ginn.“

Déi gréng Deputéiert Sam Tanson gesäit de Projet zwar als néideg un, bleift awer skeptesch, ob déi finanziell Erwaardunge realistesch sinn. „D’Steierverwaltung geet dovunner aus, datt se dee Montant iwwer méi Recetten erëm erakritt“, seet si. „Mee et gouf net berechent, wat dat konkret finanziell bedeite kéint.“

Angscht virun enger „Steierverwaltung hannert engem Schierm“

Bei aller Digitaliséierung wëllen d’Deputéiert awer verhënneren, dass de mënschleche Kontakt verschwënnt. „Et ass extreem wichteg, dass net just alles hannert engem Schierm ofleeft“, warnt d'Sam Tanson. „Et geet hei awer fir de Steierzueler ëm vill." Och de Franz Fayot deelt déi Suerg: „Et muss ëmmer nach méiglech sinn, mat engem kënnen ze schwätzen(…), dass een net duerno just nach mat Chatbots schwätzt oder éiweg laang an enger Warteschleif hänkt.“

D’Steierverwaltung verséchert, dass och an Zukunft Pabeier-Deklaratiounen nach méiglech bleiwen.

Problemer mat de vir-ausgefëllte Steiererklärungen

Parallel zu der grousser Digitaliséierung gouf an der Chamber och iwwer Problemer mat de pre-ausgefëllte Steiererklärungen diskutéiert. Den LCGB hat viru Kuerzem op Feeler an deene Formulairen higewisen. Fir déi Gréng war dat Grond genuch, d’Theema op den Ordre du jour setzen ze loossen.

Der Steierverwaltung no ass de Problem awer méi nuancéiert. Déi vereinfachte Formulairë baséieren op Donnéeën aus de viregte Joren an op Informatiounen, déi Employeuren oder d’Pensiounskeese liwweren.

„Mir hunn awer gemierkt, dass net all déi Dokumenter dobanne waren, wéi mir d’Formulairen erausgeschéckt hunn“, erkläert den Olinger. „An dass verschidde Formulairen duerno vun den Employeure verbessert gi sinn.“

Dat hätt dozou geféiert, dass verschidde vir-ausgefëllte Formulairen net komplett korrekt waren. Allerdéngs schwätzt d’Steierverwaltung net vun engem massive Problem. Vu bis elo 450 zeréckgeschéckte Formulairë wieren der iwwer 400 korrekt gewiescht.

Fir d'Sam Tanson bleift awer wichteg, dass Bierger net duerch administrativ Komplikatioune penaliséiert ginn. „Mir kruten den Engagement vum Minister, dass wann ee Feeler festgestallt gëtt, een net eng komplett nei Deklaratioun muss eraginn. (…) Dat mécht et dann och wierklech zu enger Vereinfachung.“

En ambitiéist Zil bis 2028

Bis d’Steierjoer 2028 wëll d’Regierung 85 Prozent vun de Steiererklärungen digital verschaffen. Mee och hei gëtt et Zweifel, ob dee Rhythmus realistesch ass. „Et bleift elo ofzewaarden, ob deen Timing esou agehale gëtt“, seet d'Sam Tanson. Och den Direkter vun der Steierverwaltung mécht kloer, dass de Projet nach vill Zäit wäert brauchen. „Et wäerte Modüllen dovu sinn, déi wäit no 2028 nach ëmgesat ginn“, seet den Olinger.

Back to Top
CIM LOGO