No Vandalismus um "Beieschaukasten"Gemeng Lenneng huet eng Plainte bei der Police deposéiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Gemeng op hire soziale Medie matdeelt, gouf de Beieschaukasten am "Hexebësch" an der Nuecht vum 9. op den 10. Mee beschiedegt.
Iwwert de leschte Weekend gouf e Beieschaukasten an der Gemeng Lenneng beschiedegt.
Iwwert de leschte Weekend gouf e Beieschaukasten an der Gemeng Lenneng beschiedegt.
© Gemeng Lenneng / RTL Grafik

An hire soziale Medien mécht d'Gemeng dann och den Opruff, datt Persounen, déi eppes gesinn hunn, sech bei der Police vu Gréiwemaacher oder op der Gemeng selwer solle mellen. D'Gemeng bezeechent dës Dot als "muttwëllege Vandalismus".

Back to Top
CIM LOGO