
Viru 75 Joer huet den uS-amerikanesche Pneuefabrikant Goodyear mat senger Produktioun zu Lëtzebuerg ugefaangen. Dee ronne Gebuertsdag gouf en Dënschdeg de Moien um Site zu Colmer-Bierg dann och gefeiert, ënnert anerem a Presenz vum Grand-Duc Guillaume. Fir sech um Marché ze behaapten, setzt ee bei Goodyear virop op Innovatioun, ma dat aktuellt Ëmfeld ass alles anescht wéi einfach.
Et gesäit een ëm seng 75 Joer wierklech net direkt of, gemengt ass deen éischte Pneu, deen d'Goodyear zu Lëtzebuerg produzéiert huet an deen am Konferenzsall, wou d'Festriede gehale goufen, ausgestallt war. Drop ze gesi sinn eng ganz Partie Ënnerschrëfte vu fréiere Mataarbechter, an nach eppes anescht, wéi de Vizepremier Xavier Bettel bei senger Ried ënnerstrach huet.
"Mir sinn haut zesummekomm fir eppes, wat mir ganz ganz vill bedeit, dat ass dat, wat do steet Monseigneur, fabriqué au Luxembourg. Dat ass eppes, wat net ëmmer de Fall ass. Dat ass eppes, ech ka mech erënneren, ganz oft, wann een eng Taass Kaffi gedronk huet, wou een houfreg war, wann an enger Taass vu Villeroy&Boch fabriqué au Luxembourg stoung. Dat heescht mir hunn eng Industrie hei zu Lëtzebuerg, mee déi kann och verschwannen." Dat huet ee bei Goodyear awer net wëlles. Haut schaffen zu Lëtzebuerg eng 3.400 Leit fir d'Entreprise a pro Dag gi ronn 5.500 Pneue produzéiert, haaptsächlech fir Camionen, awer deels och fir Baggeren.
Nieft der Produktioun spillt och d'Innovatioun eng wichteg Roll fir de Standuert Lëtzebuerg. Sou ass d'Fabrick vu Goodyear zu Colmer-Bierg déi éischt vum Grupp, an där zanter Kuerzem Pneuen aus Silica hiergestallt ginn. Dat neit Material géing et erlaben, datt d'Pneue mat manner Widderstand rullen, wat zu engem méi niddrege Spritverbrauch féiert. Ma et gëtt och nach ee weidere positiven Effekt, wéi de Produktiounsdirekter Alex Schumann erkläert. "A wat bei deem Produit, bei deem Silica, sou schéin ass, dat ass, dat kann een aus chemesche Sourcen, aus Quarz oder Sand, gewannen, mee et kann een et awer och aus natierleche Sourcë gewannen. Dat ass dat, wat mir hei hunn, mir hunn hei Silica, deen aus den Äsche kënnt vun de Räisschuelen, déi verbrannt ginn. An deene Länner, wou vill Räis produzéiert gëtt, do ginn déi Äsche verbrannt, zum Deel fir Energie ze gewannen, an déi Äschen, déi Rescht bleiwen, déi kënne mir huelen, fir de Silica draus ze gewannen, dat mécht dat Ganzt am Fong nohalteg." Et géing een also eppes verwäerten, wat bis elo wechgeschmass gouf.
Zanter dem Ufank vum Iran-Krich Enn Februar sinn d'Energiepräisser explodéiert. Dat géing een direkt op e puer Niveaue spieren.
"Engersäits direkt ass et lo den Akaf vun der Energie. Mir kafen, wéi vill anerer, bëssi am Viraus, mee dat ass och iergendwann eriwwer, dat heescht de Moment, wou mer fir de Rescht vum Joer musse kafen, musse mer de Präis bezuelen, deen do ass. An dat anert wou mir et mierken, ass bei den Transportkäschten, de Logistikkäschten, de Verpakungskäschten. A wat eis zimmlech sécher wäert staark belaaschten, dat sinn d'Präisser vun de Raw materials, eis Réimaterialie baséieren zum Deel op Pëtrol, zum Deel ass vill Transport a Logistik dran." Wat aner Käschtepunkten ugeet, zum Beispill den Index oder de Mindestloun, géing een déi als Betrib guer net a Fro stellen. D'Paie vun de Salariéë wieren ee Punkt, ma méi wichteg wier et, iwwerhaapt mol qualifizéiert Leit ze fannen. Dat wier zu Lëtzebuerg och duerchaus méiglech, et géing een awer och eppes dofir maachen, fir Leit unzezéien. Sou wier een zum Beispill an de Schoulen, de Federatiounen an och doriwwer eraus immens aktiv, fir sech als attraktive Patron ze presentéieren.
Ugeschwat op d'Diskussioune ronderëm Accidenter, déi duerch geplatzte Pneue vu Goodyear ausgeléist goufen, huet den Alex Schumann gemengt, datt et ëm Pneue goe géing, déi viru méi wéi 10 Joer produzéiert goufen. Deemools hätt ee gutt reagéiert an déi Pneuen an enger breet ugeluechter Aktioun iwwert e puer Joer getosch. Bei den aktuelle Pneue misst ee sech iwwerdeems keng Gedanke maachen.