Biller vun enger Reunioun, mat un der Spëtzt der Gesondheetsministesch, a Biller vun onopgereegter Aarbecht do ronderëm: Si sinn Deel vun engem Video iwwert d'Cellule logistique Covid-19 am Ministère, deen d'Santé e Sonndeg den Owend publizéiert huet.
An deem Video gëtt d'Aarbecht vun där Cellule an d'Opdeelung vun hirer Aarbecht dokumentéiert.
Virop beschreift de Gilles Feith, Generalcoordinateur am Verdeedegungsministère, ënnerluecht mat Musek, ween alles an där Cellule logistique matschafft:
Gilles Feith: "Hei sinn eng ganz Rei vu Leit zesummekomm, vum CGDIS, vu verschiddene Ministèren, vun der Défense, vun der Arméi an och nach vun de CFL an Établissements publiquen, vu Spideeler, vun Instituts de recherchen. Hei sinn eng ganz Rei vu Leit mat ganz verschiddene Kompetenzen zesummekomm, an déi hëllefen elo hei de Problem léisen."
D'Cellule, déi ënnert der Tutelle steet vum Gesondheetsministère, ass a verschidde Gruppen agedeelt. Déi eng bekëmmere sech ëm d'Collect vun den Donnéeën, wat d'Besoinen am Kader vum Coronavirus ugeet, déi nächst ëm d'Analys vun deenen Donnéeën. Nach anerer beschäftege sech mat de Liwwerungen, an déi lescht mam Bestelle vun deem, wat vläicht feelt.
Zu senger Aarbecht seet de Patrick Majerus aus der Directioun vun der Santé dat heiten: "Mir hunn hei zu zwee eng Cellule, wou mer de Flux d'informatioun e bësse géréieren. D.h. mir hunn eng fonctionell Emailadress. Do schécke ganz vill Leit Ufroen era fir Material. Et schécken awer och vill Leit Offeren eran, fir Material ze liwweren, an alles gëtt bei eis zentraliséiert. A mir maachen dann den Dispatching vun deenen Informatiounen."Donieft gëtt awer och dono gekuckt, wat u Schutzmaterial gebraucht gëtt, wat do ass a wéi vill a wéi enger Zäit verbraucht gëtt. D'Schlusswuert gehéiert der Gesondheetsministesch.
Paulette Lenert: "D'Logistik ass d'Basis vun enger gudder Krisegestioun. Ech sinn zu dësem Zäitpunkt ganz zefridden an och beandrockt vun der Rapiditéit, mat där Leit aus de verschiddensten Administratioune sech hei zesummefonnt hunn, op eng ganz effikass Aart a Weis mat der Situatioun ëmginn an a kierzester Zäit zu engem flotten Team gi sinn. Ech soen hinnen alleguer Merci!"