Background am Gespréich (6. Juni)Wéi eng Zukunft huet de Stater Garer Quartier?

Carine Lemmer
E Samschdeg sinn d'Anne Kaiffer, de Maurice Bauer an de Patrick Reisdorff eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

"Ech gleewen net méi un de Garer Quartier", sot d'Geschäftsfra a Stater DP-Conseillère Anne Kaiffer virun engem Mount an engem Interview an huet domat alt nees eng Diskussioun iwwer d'Stater Gare lassgetrëppelt. D'Probleemer op der Gare sinn net nei. De Commerce deet sech schwéier. Et gëtt d'Drogekriminalitéit a sozial Problemer. Mir gräifen déi Diskussioun op a schwätzen dëse Samschdeg iwwer d'Erausfuerderungen a wéi Léisunge kéinten ausgesinn.

Am Studio sinn:

  • d'Anne Kaiffer, Geschäftsfra an DP-Politikerin, déi hire Buttek op der Gare zougemaach huet
  • de Maurice Bauer, 1. Schäffen an der Stad vun der CSV, deen zoustänneg ass fir de Commerce an d'Stadentwécklung
  • de Patrick Reisdorff, deen zanter Joerzéngten op der Stater Gare wunnt

Am Virfeld hu mer och mam Corinne Cahen (DP) geschwat, déi och am Schäfferot ass an e Schongbuttek op der Gare huet.

De Background am Gespréich iwwer de Stater Garer Quartier héiert Dir wéi gewinnt a Samschdeg live um Radio an der Mëttesstonn.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO