Aus drëtter däitscher an zweet franséisch LigaLuc Holtz neien Trainer beim FC Metz, Mario Mutsch als Co-Trainer confirméiert

RTL Lëtzebuerg
E Freideg gouf de fréiere Lëtzebuerger Nationaltrainer op enger Pressekonferenz als neien Trainer vum Veräin aus der franséischer Ligue 2 presentéiert.
© RTL

De Luc Holtz gëtt neien Trainer vum FC Metz. Dat huet de Veräin aus der Lorraine e Freideg am Kader vun enger Pressekonferenz annoncéiert, op där de fréiere Lëtzebuerger Nationaltrainer offiziell presentéiert ginn ass.

Wéi de President vum FC Metz Bernard Serin an deem Kontext sot, wier de Lëtzebuerger schonn zanter enger Zäit dem Veräin seng Wonsch-Léisung um Trainerposte gewiescht. Hie wier en Trainer, deen op senge viregte Statiounen, notamment als Lëtzebuerger Nationaltrainer, ëmmer nees jonk Spiller a seng Ekippe mat agebonnen hätt. Dat géif mat der Philosophie vum FC Metz iwwerteneestëmmen, wou ee konsequent wéilt drop setzen, Spiller aus der eegener Jugend an déi éischt Ekipp ze féieren.

Zu Metz wäert de Luc Holtz dann och nees mam Mario Mutsch zesummeschaffen, dee säi Co-Trainer gëtt. Den 41 Joer ale Lëtzebuerger hat tëscht 2009 an 2011 de Maillot grenat gedroen. De Veräin aus der Lorraine huet an engem Schreiwes matgedeelt, dass dem Luc Holtz säi Kontrakt iwwer zwou Saisone wäert lafen. Als Trainer vun de Roude Léiwen hätt hien eng "kolossal" Aarbecht geleescht.

Den FC Metz ass dem Luc Holtz seng fënneft Statioun als Trainer. Virdru stoung hie bei der Etzella vun Ettelbréck, der Lëtzebuerger U21-Nationalekipp, der A-Nationalekipp an dem SV Waldhof Mannheim un der Säitelinn. Elo huet et de Luc Holtz dann an déi franséisch Ligue 2 gezunn, an déi den FC Metz no senger 18. Plaz an der leschter Ligue-1-Saison ofgestigen ass.

D'Schreiwes vum FC Metz

Ënnert dem Luc Holtz als Trainer hunn d'Rout Léiwen et an den Nations-League-Playoffs fir d'Qualifikatioun fir d'Europameeschterschafft 2024 an Däitschland bis an d'Halleffinall gepackt. Hei huet ee sech misse géint Georgien geschloe ginn. Am August 2025 war de Luc Holtz no 15 Joer als Lëtzebuerger Nationaltrainer zeréckgetrueden an onmëttelbar duerno als neien Trainer vum däitsche Veräin SV Waldhof Mannheim presentéiert ginn. An där enger Saison, déi hien zu Mannheim Trainer war, huet de Luc Holtz de Veräin op déi 10. Plaz vun der drëtter däitscher Liga gefouert a mat hinnen de Pokal vum badesche Futtballverband gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO