
Vun der nächster Rentrée u wäert et eng méi breet Offer vu franséischsproochege Klasse ginn, souwuel am Secondaire wéi och an der Beruffsausbildung. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch e Freideg op enger Pressekonferenz annoncéiert a betount, datt et drëms geet, datt d'Schüler, onofhängeg vun hirer Mammesprooch, fair Bildungschancë sollen hunn. Méi wéi zwee Drëttel vun de Schüler schwätze weeder Lëtzebuergesch nach Däitsch doheem, hunn allerdéngs Däitsch als Haaptunterrechtssprooch. Mat der méi grousser Offer vu franséischsproochege Klassen sollen d'Bildungschancë méi fair sinn, onofhängeg vun der Sprooch, déi een doheem schwätzt oder dem kulturelle Background.
"Wann ech an enger Sprooch ka léieren, déi mer besser läit, déi mer méi no läit, déi menger Sprooch, menger Mammesprooch méi no kënnt, da léieren ech einfach och besser. Dann hunn ech besser Perspektiven, och en Ofschloss ze kréien, e gudden Ofschloss ze kréien, méi wäit ze kommen an der Schoul an duerno eeben och am Liewen, a mengem gesamte Liewen aner Diere kënnen opzekréien."
D'Offer geet vun aktuell engem op véier Lycéeën am Classique erop, vu sechs op siwwenzéng am General a vun zwee op zéng Lycéeën an der Voie de préparation. Wat ännert, ass am Fong just d'Sprooch, an där den Unterrecht gehale gëtt.
"Dann heescht dat, datt dat nach ëmmer de selwechte Programm ass. Dann heescht dat, datt dat nach ëmmer déi selwecht Evaluatiounsmethode sinn. Dann heescht dat, datt dat nach ëmmer déi selwecht Unterrechtsmethode sinn a ganz dacks déi selwecht Unterrechtsmateriale sinn, wa se och emol an enger anerer Sprooch sinn, dann heescht dat och, datt mer nach ëmmer op déi selwecht Diplomer hischaffen."
Mat der Diversifikatioun vun der Offer géif een de Schoulsystem un d'Realitéite vun eiser Gesellschaft upassen, huet de Claude Meisch nach ënnerstrach.