Reaktiounen op Accord bei TripartiteLSAP hält nei Recettë fir méiglech, ADR mengt, Staat kann net alles finanzéieren

François Aulner
Marc Hoscheid
D’Regierung an d’Sozialpartner si sech op der Tripartite iwwert e Mesurëpak eens ginn, deen de Staat ronn 450 Milliounen Euro op zwee Joer kaschte soll. D’Oppositioun begréisst RTL géintiwwer, datt et en Accord fonnt gouf, allerdéngs stellt se sech nach vill Froen.
© RTL-Grafik

D'LSAP and déi Gréng si mat der Grondausriichtung vun de Mesuren, fir de Leit an de Betriber ënnert d'Äerm ze gräifen, zefridden, mee se froe sech, wéi de Pak soll géigefinanzéiert ginn. Dat awer virun allem wéinst der geplangter Steierreform a méi Ausgabe fir d'Defense.

Den LSAP Députéierten Yves Cruchten seet awer, et misst ee sech eeschthaft Gedanken iwwert d'Staatsfinanze maachen. Seng Partei, mee och déi Lénk, sinn iwwerzeegt, datt et Mëttele ginn, méi Recetten ze generéieren, mee se bedaueren, datt d'CSV an DP déi Diskussioun net wëllen hunn. De Gréngen-Deputéierte Meris Sehovic huet der Regierung virgeworf, bei der geplangter Steierreform mat der Strenz ënnerwee ze sinn.

Am Kriteschsten ass d'ADR: se seet kloer, de Staat kann net ëmmer alles finanzéieren. D'Deputéiert Alexandra Schoos werft d'Fro och op, ob eng zousätzlech Hausse vum Mindestloun iwwerhaapt néideg wier, well den Ajustement un d'Lounentwécklung op eng oder zwou Indextranchen dropkënnt. Och wann de Staat via Steierkredit en Deel vun der Hausse iwwerhëlt, esou géingen d'Leit an d'Betriber jo de Steierkredit mat hire Steiere finanzéieren, esou d'Alexandra Schoos. Si freet sech och, wéi eng Effeten d'Hausse fir Salariéen huet, déi just bësse méi wéi de Mindestloun verdéngen.

D'LSAP ass mat der Hausse vum Mindestloun zefridden, well déi quasi 1 zu 1 hirer Fuerderung entsprécht. Den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum, huet ze bedenke ginn, datt déi Hausse awer keng strukturell ass, mee eng punktuell.

Back to Top
CIM LOGO