D'Identitéit vun der Läich soll mëttels enger Autopsie festgestallt ginn, ma d'Kleeder, déi dat 11 Joer aalt Lyhanna fir d'lescht unhat, solle mat deenen un der Läich iwwertenee stëmmen. Beim Verdächtegen, dee sech den Ament an Untersuchungshaft befënnt, soll et sech ëm e Mann vun 41 Joer handelen, deem seng Duechter mam verschwonnene Meedche befrënnt war. D'Kand gouf fir d'lescht am Mann sengem Auto gesinn.
De Fall huet a Frankräich eng kontrovers Debatt ronderëm d'Effizienz vun der Justiz lassgetrëppelt, virop well géint de Verdächtegen an der Vergaangenheet méi dacks Plaintë wéinst Vergewaltegung a sexuellen Iwwergrëff géint Mineuren deposéiert goufen.
Eng Enquête wéinst dem Verdacht op Vergewaltegung war 2024 wéinst engem Manktem u Beweiser fale gelooss ginn. D'escht Joer hat et no enger weiderer Plainte ganzer 9 Méint gedauert, ier de Beschëllegten oder Zeien iwwerhaapt interrogéiert goufen. "Dëst geheit d'Fro op, wéi ee Gewiicht Aussoe vun Affer hunn a wéi an esou Fäll ermëttelt gëtt", esou d'Regierugnsspriecherin Maud Bregeon. Eng Enquête bannent den zoustännegen Autoritéite gouf lancéiert, de franséische Premier Sébastien Lecornu huet ausserdeem den Innen- a Justizminister fir e Freideg an eng Reunioun aberuff.