
De Mann gouf fir d'lescht géint 18:00 Auer en Donneschdegowend an der Stad gesinn. Deen Ament hat hien eng schwaarz Jackett, e schwaarze Pullover, eng blo Jeansbox, schwaarz Schong an e Brëll un.
Wien Informatiounen iwwert dee Vermëssten huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Gare/Hollerech ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 44 1000 oder via Mail u police.gare@police.etat.lu.