De President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL) Michel Reckinger ass "ganz zefridde" mam Accord, deen en Donneschdeg tëscht Sozialpartner a Regierung an der Tripartite fonnt gouf. Deen Accord wier gutt fir d'Leit a fir d'Betriber. E géif deenen engen an deenen aneren an der aktuell schwéierer Situatioun Visibilitéit iwwert déi nächst Méint ginn.
Datt den Accord iwwerraschend séier zestane komm wier, erkläert den UEL-President mat der gudder Preparatioun un der Dräierronn duerch d'Regierung an hir Servicer. "Wann ee propper Dossieren huet an et diskutéiert een iwwert eppes, da kënnt een och séier virun."
Den Toun an de Gespréicher wier "responsabel a manéierlech" gewiescht an et wier léisungsorientéiert diskutéiert ginn. "Et kann ee just hoffen, datt et an Zukunft esou weidergeet", esou den UEL-President.
Wat de Logementsdossier ugeet, sot de Michel Reckinger, de Staat géing vill an abordabele Wunnraum investéieren, mä e kéint net eleng déi 4.000 Wunnengen d'Joer bauen, déi gebraucht ginn. "Mir brauchen d'Investisseuren an d'Investisseure mussen erëm Mutt kréien, an de Steen z'investéieren." Et géif och drëms goen, d'Aarbechtsplazen am Bausecteur z'erhalen, amplaz herno Chômage ze bezuelen.
A Saache Mindestloun wier een ob e Konsens komm – d'Regierung finanzéiert jo eng etappeweis Erhéijung vun 200 Euro iwwert Steierkredit – well Regierung a Gewerkschaften agesinn hätten, datt nom Ajustement vum Mindestloun an enger Indextranche eng Erhéijung den Entreprisen, déi dat misste bezuelen "onheemlech wéi" géing doen.
Wat d'Energiehëllefe fir d'Entreprisen ugeet, seet de Nach-President, dee säi Posten am Hierscht un den Marc Lauer oftrëtt, och d'UEL hätt ënnerstrach, datt déi zäitlech limitéiert misste sinn. Soubal d'Kris duerch de Krich am Noen Osten eriwwer wier, missten déi zeréckgefuer ginn "an da muss erëm eng Kéier de Marché spillen an d'Entreprisë selwer kënne stemmen, wat op si duerkënnt."