De President vun der gréisster Oppositiounspartei LSAP, de Georges Engel, war e Freidegmoie live bei eis am Journal um Radio bäigeschalt an huet op de prinzipiellen Accord reagéiert, deen en Donneschdeg am Kader vun der Tripartite zustane komm ass. "Et geet jo, wann ee wëll", esou de fréieren Aarbechtsminister.
Den Accord wier ee gutt Zeeche fir d'Reanimatioun vum Sozialdialog. D'Leit an d'Famillje kréichen elo méi an d'Täsch an déi schrëttweis Erhéijung vum Mindestloun géif och de Fuerderunge vun der LSAP nokommen. D'LSAP hat effektiv 200 Euro méi Mindestloun gefuerdert, an dat an zwou Etappen.
Et misst een awer elo d'Detailer ofwaarden. De ganze Mesurëpak soll de Staat jo eng ronn 450 Milliounen Euro kaschten. Et wär scho richteg, datt de Staat Suen an de Grapp hëlt, fir d'Kris ofzeschwächen. De Georges Engel huet ze bedenke ginn, datt d'Regierung Suen a rasantem Tempo géif ausginn. D'Ausgabe misst een dofir am A behalen.