
Staatlech Finanzmëttel asetzen, fir d'Energiepräisser kuerzfristeg erofzedrécken, däerf net op Käschte vu strukturelle Reformen am Energie- a Klimaschutz-Bräich goen. Dat schreift de Mouvement écologique e Freideg an engem Communiqué am Zesummenhang mat der Tripartite.
D'Regierung an d'Sozialparnter si sech en Donneschdeg ënnert anerem iwwert eng Brems op d'Diesel- a Masuttpräisser eens ginn. D'Ëmweltorganisatioun warnt viru falsche Signaler wa fossil Energie kënschtlech méi gënschteg gemaach gëtt. Se weist och drop hin, datt d'Präisser op der Pompel hei am Land scho méi niddreg sinn, ewéi an de Nopeschlänner an eng Reduktioun géing déi Tatsaach just verstäerken.
De Mouvement écologique plädéiert fir Entlaaschtunge fir finanziell schwaach Stéit a fuerdert eng Rei Mesuren, déi d'Regierung och e Freideg op der Tripartite och decidéiert huet: dorënner d'Prefinanzéierung fir d'Installatioun vu Wärmepompelen méi séier a Kaaft ze setzen.