
De Sozialdialog funktionéiert also nees. Et huet een et dem Premier Luc Frieden op der Pressekonferenz en Donneschdeg den Owend zu Senneng wierklech ofgesinn, wéi frou an erliichtert e war, datt d'Sozialpartner sech mat der Regierung op e gemeinsamen Accord op der éischter Tripartite vun der CSV-DP-Regierung eenege konnten. Den CSV-Staatsminister huet misse vu baussen an d'Tripartite gedréckt ginn an huet méintelaang virdrun ëmmer rëm säi Mantra widderholl, datt d'Tripartite e Kriseninstrument wier a just da géing agesat ginn, wann eng akut Kris besteet. Elo mam Krich am Noen Osten gouf et keen Zréck méi.
D'Tripartite, oder besser gesot de "comité de coordination tripartite", ass effektiv aus der gréisster Kris gebuer, déi d'Lëtzebuerger Land nom Enn vum Zweete Weltkrich kannt huet. An den 1970er Joren hunn d'Pëtrolsschocken an déi international Wirtschaftskris d'Stolindustrie haart getraff. De Garant fir Wuelstand a Vollbeschäftegung huet gewackelt a riskéiert, net nëmmen Dausende Leit an de Chômage ze zéien, mä och de Fonctionnement vun engem ganze Land auszebremsen. Et war de liberale Premier Gaston Thorn, deen d'Gesetz vun der Tripartite schlussendlech op d'Schinne bruecht huet. Den Text gouf op Hellegowend 1977 an der Chamber gestëmmt. Deemools nach mat engem Vetorecht fir d'Sozialpartner, fir Decisioune vun der Regierung ze blockéieren. Den éischten Tripartite-Accord iwwert d'Restrukturatioun vun der Siderurgie gouf 1979 ënnerschriwwen. Sec Massenentloossunge konnten ënner anerem iwwer e Reklassement an och mat ganz vill Sue vum Staat verhënnert ginn.
An den 1980er galoppéiert d'Inflatioun fort. D'Präisdeierecht läit mat Amenter bei ëm déi 10 % an d'Nowéie vun der Stolkris beschäftegen déi politesch Responsabel weider. 1982 eskaléiert de Sträit iwwert den Index, deen d'Werner-Regierung moduléiere wëll, an enger grousser Gewerkschaftsmanifestatioun um Knuedler an engem Generalstreik am Fréijoer. D'Tripartite geet mat engem Echec op en Enn. Haaptsächlech wéinst dem Index. Op RTL krut de Staatsminister Pierre Werner dat Joer schonn d'Fro gestallt, ob de Sozialdialog da lo dout wier.
Besonnesch an Erënnerung bleiwen ënner anerem nach d'Tripartitten aus de Joren 2006, déi notamment de Statut unique agefouert huet an 2009/2010, wéi d'CSV-LSAP-Regierung et net fäerdeg bruecht huet, d'Sozialpartner op e gemeinsamen Nenner ze bréngen. D'Syndikater hu sech géint Austeritéitspolitik an Indexmanipulatioune gewiert. D'Iddi vun der CSV vun engem gedeckelten Index, respektiv fir d'Pëtrolsproduiten aus dem Wuerekuerf ze huelen, koum fir si net an d'Tut. D'Tripartite war trotz zéie Verhandlunge geplatzt, alt erëm wéinst dem Index.
De Sozialdialog ass laang just mat Bipartitte kënschtlech um Liewe gehale ginn. D'Tripartite war bis d'Pandemie klinesch dout.
D'Dräierkoalitioun huet d'Sozialpartner mat Covid an dem Krich an der Ukrain nees zesummen un en Dësch bruecht. Eraus koumen awer éischter punktuell méi kleng Mesurëpäck a keng richtungsweisend Accorden, déi déi strukturell Problemer vum Land ugaange sinn.
Op alle Fall ass déi bal 50-järeg Geschicht vum Lëtzebuerger Sozialdialog eng vu villen Diskussiounen, Turbulenzen an ëmmer rëm Héichten an Déiften an awer dem gemeinsame Wëllen, dee fonnt gouf, fir zesummen am Konsens Decisiounen ze huelen.